Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

Digital Inclusion

Haut presentéiere mir iech beim Café scientifique kee Fuerschungs-Projet vun der Uni, mee eng Initiative, déi am gaangen ass, Schoul ze maachen: “Digital Inclusion”. Stéchwuert Krichsrefugiéen. No hirer Odyssee duerch Europa, hirer Arrivée zu Lëtzebuerg, dem Ofdecke vun den elementare Besoinen, ass fir vill Flüchtlingen en diffust Waarden ugaangen. En IT-Ingénieur an eng Soziologin hunn doropshin “Digital Inclusion” an d’Liewe geruff. D’Kerstin Thalau wollt méi doriwwer gewuer ginn.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen