Globus

D’Serie Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. Wichteg ass et dem Nathalie Oberweis, Kyra Fischbach a Charlotte Bruneau, fir d’Konflikter méi déif z’erfuerschen: Stëmme vum Terrain zu Wuert kommen ze loossen, déi verschidden Interessien a Verflechtungen z’entbléissen an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun ze weisen.

Foto: Bigstock

Ëmstridde Ressourcen: Pëtroll

Iergendwéi e verfluchte Räichtem fir déi Länner, déi d'Ressource hunn: Dat schwaarzt Gold féiert zu rasantem ekonomesche Wuesstem a Räichtem, zu enorme sozio-ekonomeschen Ongläichheeten an doduerch zu sozialen an dacks ethnesch oder reliéise Spannungen. Déi wéinegst Länner an deene Pëtroll entdeckt gouf, goufe vu Spannungen a Konflikter a Rou gelooss. Eng Analys vum Nathalie Oberweis. (1. Deel: 22.10. an 3. Deel 5.11.)

Lauschteren

Rezent Emissiounen

  • Déi kurdesch Resistenzen

    An de kurdesche Gemengen am S-Oste vun der Tierkei an Norde vu Syrie féieren déi lokal kurdesch Kräften eng fortschrëttlech sozial, ekonomesch an ökologesch Politik duerch.

  • Eng nei Ära fir Israel/Palestina?

    D'Zweestaateléisung ass bis elo als quasi eenzeg Léisung fir de Konflikt zwëschen Israel a Palestina gesi ginn. Mam neie President an den USA huet sech awer eppes verännert.

  • Myanmar: eng dräi véierels Demokratie

    E Staat voller Kontradiktiounen?

  • Ecuador: den Enn vun der Biergerrevolutioun?

    An de leschten 18 Méint si konservativ Politiker an Argentinien, Brasilien a Peru un d’Muecht komm. Esou sinn d'Wahlen am Ecuador vu grousser Bedeitung, wëll sech och do Sozialismus a Liberalismus d'Stir bidden.

  • D'Externalisatioun vun der EU Migratiounspolitik

    Dréit d'EU zu Mënscherechtsverletzunge bäi? Gëtt d'EU sech ontrei?

  • Nepal ass um gudde Wee, erhëlt sech awer nëmme lues

    Nepal ass bal zwee Joer nom schlëmmen Äerdbiewen am Abrëll ëmmer nach net ganz opgeriicht erhëlt sech awer lues a lues.

  • Ethiopien

    Dat afrikanescht Land ass zënter Oktober am Ausnamezoustand. Onzefriddenheeten an der Bevëlkerung hunn d'Regierung, no Protestaktiounen, zu dësem Mëttel gräife gelooss.

  • Klimamigratiounen

    En unerkannt Phänomen, mee vill Froe ronderëm d'Gestioun an d'Protectioun.

  • D'"Schwäiz vun Zentralamerika"

    Wéi engen Defië steet Costa Rica haut géigeniwwer?

  • Afrika: dem informelle Sektor de Krich erklärt?

    Ass den informelle Secteur de Problem vun afrikanesche Länner?

  • Politesch Kris am Kongo (RDC)

    Am Kongo ass dem Joseph Kabila säin zweet a lescht Mandat ofgelaf.

  • De Kaschmirkonflikt

    Am Juli 2016 war eng nei Well vu Gewalt am Kaschmir ausgebrach. Ëm déi 100 Doudeger, Ziviller, sollen zënterhier ze bekloe sinn.

  • Waffeverkeef a Waffeproduktioun am Joer 2016. E Réckbléck

    Wéi eng waren déi wichtegst Entwécklungen am Beräich vun der Oprüstung am Joer 2016 a wat kënnt an den nächste Joren op eis duer?

  • Ressourcen: Land

    Op ville Plazen an der Welt rutscht d'Land sengen traditionelle Besëtzer, de Baueren, aus der Hand.

  • Reliéis Tensiounen an Egypten

    D’koptesch Gemeinschaft zu Kairo ass Affer vun engem Attentat ginn, zu deem sech den IS bekannt huet.

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Meenung

    Eng Selektioun vu Kommentaren an Analysen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen