World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

De Semer Ensemble. Foto: Piranha Records

Dat zweet Liewen vum Label Semer

Während de Novemberpogrome vun 1938 huet den nationalsozialistesche Regime organiséiert a laang am viraus geplangten Iwwergrëff géint d’jiddesch Populatioun queesch uechter d’Däitscht Räich duerchgezunn. Eng 400 Leit hunn dës Gewalt mat hirem Liewe bezuelt, jiddesch Geschäfter, Wunnengen, Kierfechter a Synagoge goufen zerstéiert, vill vun den Nazien als nicht-arisch bezeechent Kulturgutt zerstéiert. Eng 30.000 Judde goufen am Kader vun de Pogromen a Konzentratiounslager deportéiert.
Den trageschen Héichpunkt vun dësen Iwwergrëff geet als Reichs-Kristallnacht (d’Nuecht vum 9. op den 10.11.38) an d’Geschichtsbicher an. An dëser Nuecht goung och d’Geschäft vum Hirsch Lewin zu Berlin a Flamen op. Verbrannt sinn dobäi a senger Hebräischer Buchhandlung  ë.a. eng 4.500 Shellak-Plakken a Musekmanuskripter, déi um Label Semer publizéiert goufen. Dem Lewin säi Lokal war zanter ufanks den 30er Joren eng Zort Arche Noah fir jiddesch Musek an dofir dem Nazi-Regime en Dar am A.
An den 90er sollt säi Label Semer erëm operstoen, haut kënne mer erëm Musek vun deemools lauschteren. Wéi et derzou koum a wéi se an der heiteger Versioun kléngt, erkläert de Fred Medernach mat Opname vum neien Album “Rescued Treasure”: e Schatz, deen erëm gebuerge gouf, vun enger Formatioun, déi sech dem Hirsch Lewin zu Eieren “Semer Ensemble” nennt.
Firwat bewegen een haut d’Lidder op “Rescued Treasure” därmoossen? Well een ëm d’Schicksal weess vun de Leit, déi se komponéiert oder gesongen hunn? Well ee souwuel Angscht, wéi och Hoffnung a Liewensfreed aus der Musek eraushéiert? Well et engem absurd virkënnt, datt Musek, Texter, Nouten, Kompositioune stéieren, well se net an eng Weltanschauung erapassen? Wuelgemierkt: et si keng politesch Lidder, déi een op dësem Album héiert, keng déi opstëppele géifen ... et si Lidder, déi mat de Mënschen, déi un hinne gehaangen hunn, zerstéiert goufen, wëll se jiddesch waren, net aresch, well se an den Ae vun den Nazie mannerwäerteg waren, hir Rass ënnerwandert hunn.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Rezent Emissiounen

  • Haydamaky

    De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz

  • Von Kuba in die Welt

    Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.

  • Neie Kascht fir de World-Summer

    Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival

  • Jenseits von Indien

    En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...

  • Cap Vert - Brasilien an zeréck

    Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.

  • Smile!

    Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...

  • Sacred Sounds a schamanesch Beats

    Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.

  • Tram des Balkans

    Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.

  • Goran Bregovic

    Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.

  • Orlando Julius & the Heliocentrics live

    Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017

  • Op katalanesch!

    Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...

  • Francesco De Gregori live

    Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.

  • Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner

    Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.

  • Klanglandschaften

    E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...

  • Eng Rees an den Orient

    Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen