De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.
Klassik aktuell


Dem Franz Schubert seng "Winterreise"
"Fremd bin ich eingezogen..." - et ass Wanter, ee Wanderer schleeft sech duerch eng kal, doudeg Natur an denkt u schéin Zäiten zréck, déi längst verblatzt sinn. Dem Franz Schubert säin Zyklus "Winterreise" op Gedichter vum Wilhelm Müller ass net fir näischt de Sommet vun der däitscher Lied-Konscht - zäitlos Musek an Dichtung, déi an enger zeenescher Produktioun am Kulturhaus zu Miersch ze gesinn ass. De Guy Engels informéiert.
Rezent Emissiounen
-
Musek schenken
D'Adventsaktioun vun der Fondatioun Ecouter pour mieux s'entendre
-
Trumpet Days
Muer an iwwermuer (15. a 16.11.2019) am Escher Conservatoire
-
Les Trois Mains
En Actart Concert, bei deem déi zwee Instrumenter Piano an Cembalo matenee kombinéiert ginn.
-
Visiting Great Britain
Den nächste Concert mam OCL an der Philharmonie steet am Zeeche vun England.
-
Steve Reich a gregorianesche Gesang
Beim Concert Odo Sonoritas zu Stolzebuerg gëtt Gregorianik mat zäitgenëssescher Musek kombinéiert.
-
Eng Iwwerraschung fir den Abschied
Concert surprise fir de Pianist Gary Muller muer den Owend (13.11.2019) am Stater Conservatoire
-
Aus Solisten een Ensembel formen
De Jan Cober huet den Europäeschen Jugend-Harmonieorchester dirigéiert.
-
Mozart, déi Zweet
De Jean Muller mam Volume 2 vun der Intégrale vun de Pianossonaten
-
Dämonesch, dramatesch a voller Rhythmus
Dem Giuseppe Verdi seng Oper Macbeth mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
-
Circle Songs
Den INECC proposéiert e Workshop iwwer Circle Songs mam franséische Sänger WAB. De radio 100,7 huet dëst Konzept ausprobéiert.
-
Eng Etapp um Wee vun der Solistecarrière
De Pianist Val Kravos presentéiert sech beim Concours luxembourgeois pour jeunes solistes.
-
Concours pour jeunes solistes: den Trompettist Daniel Migliosi
De 36. Concours vun der UGDA ass e Sonndeg (10.11.2019) am Stater Conservatoire.
-
Iwwer de Concours an den Orchester
D'Trompettistin Tracey Lamberty-Wohles, Laureatin vum UGDA-Concours, ass Member vum europäesche Jugendharmonieorchester.
-
"E schéine Problem"
De Repertoire ass ze grouss, fir alles spillen ze kënnen. Fir säi Concert an der Philharmonie huet de Goldmund Quartet awer e Konsens fonnt.
-
Emotioun viru Kompetitioun
De Pianist Val Kravos preparéiert sech op de Concours luxembourgeois pour jeunes solistes.
Net verpassen
-
Nei Serie: Autoritär
Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen