Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

FNR-Award 2016 fir den theoretesche Physiker Matteo Polettini

Mëtt Oktober hat de Fond National de la Recherche op déi aacht FNR-Awards-Zeremonie invitéiert. Iwwer 50 Chercheuren haten am Virfeld hir Kandidaturen eragereecht, véier vun hinne goufe fir Excellenz an der Recherche a Wëssenschaftskommunikatioun mat 5.000 Euro belount. Am November an am Dezember presentéiert d'Kerstin Thalau d'Fuerscher an hir Fuerschung. Den Ufank mécht den theoretesche Physiker Matteo Polettini, Laureat an der Kategorie "bedeitend wëssenschaftlech Publikatioun".

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen