Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

John Rech - esou presentéiert sech den Diddelenger um neien Dream Catcher-Album 'Vagabonds'

John Rech

Als aktive Museker ë.a. vun T42 an haut Dream Catcher steet den John Rech zanter den Ufanks Nonzeger op der Bühn. Op senger Aarbecht ass hie fir d'Programmatioun vu Concerten am grousse Beräich Rock/Pop a senger Heemechtsstad zoustänneg. Musek ass deemno e groussen Deel vu sengem Liewen. "Et ass eng Passioun", résuméiert hien, "et ass d'Kombinatioun vun Aarbecht a Pleséier!". De musekbegeeschterten Diddelenger ass Invité beim Fred Medernach an huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

Op senger Playlëscht stinn ë.a. U2 (Where The Streets Have No Name), Ryan Adams (To Be Young),  Ezio (Sweet Thing/Tuesday Night) , Beoga (Aurora), Frank Turner (Photosynthesis) an ... Dream Catcher (Je Veux Du Soleil Plein La Vie).

"Hei zu Lëtzebuerg hu mir als Museker heiansdo eng gewësse Schimmt, fir eis eege Saachen an d'Fënster ze stellen", seet hien, "besonnesch wa mir eis Resultater a Leeschtungen zum Beispill mat deene vun eise Sportler vergläichen. Dozou gëtt et kee Grond!"

Säin Job als Kulturmann op der Diddelenger Gemeng ass fir den John Rech Chance an Défi: "Déi kommerziell Säll brénge grouss Nimm, déi etabléiert an einfach ze fanne sinn. Du brauchs dofir just en éierbare Budget. Eis Aufgab ass anescht". Hien ass stänneg op der Sich no neien Talenter an Decouverten - an et gëtt him de Kick, wann hie Läit wéi de Frank Turner oder de Joris konnt engagéieren ... ier se ganz grouss erauskoumen.

Dream Catcher bezeechent hien als "vun Ufank u mäi Projet, deen ech mat Musekerkolleegen duerchzéien". Hie wier kloer de Chef am Ring, annescht wéi bei T42, "eng Schülerband, wou jidderee matschwätze konnt". Hie laacht, wann hie sengem Matmuseker Eric Falchero säi Kommentar iwwert Dream Catcher zitéiert: "Dës Band ass eng demokratesch Diktatur!". Vun Dream Catcher koum elo den neien Album "Vagabonds" eraus, deen déi nächst Woch zu ... Dubai opgefouert gëtt. "Mir sinn iwwert d'Alliance Française an d'Renne komm, fir eis Kandidatur anzereechen a während zwee Deeg an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ze spillen. Dat hunn nach aner Bands gemaach, mir sinn ausgewielt ginn - a sinn houfreg drop", esou de Museker.

Musek ass wéi gesot Passioun fir den John Rech, si fuerdert awer och déi eng oder aner Concessioun. "Ech sinn reegelméisseg op Tour, neierdéngs och ëmmer méi dacks am Ausland. Do muss d'Famill matspillen, et gesäit een d'Kollege manner an och de Sport kënnt ze kuerz" stellt hie fest - dat als grousse Fan vum Diddelenger Basket- a Futtball.

 

 

 

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen