Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.
Musikalesch Visittekaart
John Rech
Als aktive Museker ë.a. vun T42 an haut Dream Catcher steet den John Rech zanter den Ufanks Nonzeger op der Bühn. Op senger Aarbecht ass hie fir d'Programmatioun vu Concerten am grousse Beräich Rock/Pop a senger Heemechtsstad zoustänneg. Musek ass deemno e groussen Deel vu sengem Liewen. "Et ass eng Passioun", résuméiert hien, "et ass d'Kombinatioun vun Aarbecht a Pleséier!". De musekbegeeschterten Diddelenger ass Invité beim Fred Medernach an huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.
Op senger Playlëscht stinn ë.a. U2 (Where The Streets Have No Name), Ryan Adams (To Be Young), Ezio (Sweet Thing/Tuesday Night) , Beoga (Aurora), Frank Turner (Photosynthesis) an ... Dream Catcher (Je Veux Du Soleil Plein La Vie).
"Hei zu Lëtzebuerg hu mir als Museker heiansdo eng gewësse Schimmt, fir eis eege Saachen an d'Fënster ze stellen", seet hien, "besonnesch wa mir eis Resultater a Leeschtungen zum Beispill mat deene vun eise Sportler vergläichen. Dozou gëtt et kee Grond!"
Säin Job als Kulturmann op der Diddelenger Gemeng ass fir den John Rech Chance an Défi: "Déi kommerziell Säll brénge grouss Nimm, déi etabléiert an einfach ze fanne sinn. Du brauchs dofir just en éierbare Budget. Eis Aufgab ass anescht". Hien ass stänneg op der Sich no neien Talenter an Decouverten - an et gëtt him de Kick, wann hie Läit wéi de Frank Turner oder de Joris konnt engagéieren ... ier se ganz grouss erauskoumen.
Dream Catcher bezeechent hien als "vun Ufank u mäi Projet, deen ech mat Musekerkolleegen duerchzéien". Hie wier kloer de Chef am Ring, annescht wéi bei T42, "eng Schülerband, wou jidderee matschwätze konnt". Hie laacht, wann hie sengem Matmuseker Eric Falchero säi Kommentar iwwert Dream Catcher zitéiert: "Dës Band ass eng demokratesch Diktatur!". Vun Dream Catcher koum elo den neien Album "Vagabonds" eraus, deen déi nächst Woch zu ... Dubai opgefouert gëtt. "Mir sinn iwwert d'Alliance Française an d'Renne komm, fir eis Kandidatur anzereechen a während zwee Deeg an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ze spillen. Dat hunn nach aner Bands gemaach, mir sinn ausgewielt ginn - a sinn houfreg drop", esou de Museker.
Musek ass wéi gesot Passioun fir den John Rech, si fuerdert awer och déi eng oder aner Concessioun. "Ech sinn reegelméisseg op Tour, neierdéngs och ëmmer méi dacks am Ausland. Do muss d'Famill matspillen, et gesäit een d'Kollege manner an och de Sport kënnt ze kuerz" stellt hie fest - dat als grousse Fan vum Diddelenger Basket- a Futtball.
Rezent Emissiounen
-
De Rosch Mirkes
Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.
-
De Pol Belardi
Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.
-
D'Geiistin Sandrine Cantoreggi
Vill Klassik an e bëssen Jazz
-
Den David Ianni
De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.
-
De Paul Thiltges
Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.
-
De Kid Colling
De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.
-
Den Damien Sagrillo
De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.
-
D'Sopranistin Mariette Lentz
Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz
-
De Guy Frisch
De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.
-
Fernand Weides
De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.
-
De Jeff Mack
De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.
-
D'Lydia Rilling
D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.
-
De Marc Jacoby
Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.
-
D'Cathy Krier
Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.
-
Monique Melsen
Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.
Dossieren
-
Sozialwahlen 2019
Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.
-
Pierre Werner
"Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.
Communiquéen
-
Véronique Faber, nouvelle membre du Conseil d’administration de radio 100,7
Le Conseil de gouvernement a approuvé la nomination de Madame Véronique Faber au Conseil d'administration de radio 100,7.
-
Offre d'emploi: Directeur général (M/F)
L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen