Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

@ Amina Weira

Ëmstridde Ressourcen: Uranium

D’Presenz vun Uranium am Buedem vum Kazakhstan a vum Niger zum Beispill hunn de franséische Grupp Areva ugezunn, wat net nëmmen positiv Aspekter huet.

Am Niger soen d’Leit, datt si de Stroum fir Frankräich liwweren, mee selwer keen hunn! A wéi wäit dréit eise Konsum vun Nuklearstroum an Europa an och zu Lëtzebuerg zu Spannungen op anere Plazen bäi? Nathalie Oberweis geet dëser Fro op de Fong.

Rezent Emissiounen

  • De Succès vum Salafismus an Afrika

    D'saudescht Kinnekshaus a säi reliéis-ideologeschen Apparat ass aktiv um afrikanesche Kontinent, fir do säi reliéisen Afloss auszedehnen.

  • Ethnesch-politesch Spannungen am Kenia

    Zënter der Onofhängegkeet am Kenia ginn et ëmmer nees ethnesch-politesch Spannungen a Gewaltausbréch.

  • Politesch Skandaler am Peru

    Als Konsequenz vum Odebrecht-Korruptiounsskandal huet de peruanesche President Pedro Pablo Kuczynski missen ofdanken.

  • De Schratt duerch déi gëllen Dier

    Et steet ausser Fro, datt de russesche President Wladimir Putin e Sonnden an de Presidentschaftswahlen zeréckgewielt gëtt. Mä wie sinn déi aner?

  • Waasser als politescht Drockmëttel a Palestina

    D'palestinensesch Bevëlkerung am Westjordanland an an der Gazasträif leit ënner akutem Waassermangel - an dat obschonn et genuch Reservë ginn.

  • Ondemokratesch Presidentschaftswahlen an Ägypten

    Fir d'zweete Kéier zënter dem Militärcoup vun 2013 sinn an Ägypten Presidentschaftswahlen. Vun engem demokratesche Prozess kann ee bei de Wahlen awer net schwätzen.

  • Ee Konflikt, dee bis haut nach net geléist ass

    Viru 26 Joer hunn armenesch Zaldote méi wéi 150 Zivilisten am Duerf Khodjali ëmbruecht.

  • Weltverschmotzung a sozial Konflikter

    A wéi wäit spillt déi industriell Verschmotzung eng Roll a sozialen a politesche Froen?

  • Saudi-Arabien am Wandel

    Fir ze verstoen, wat sech hannert dem Wandel a Saudi-Arabien verstoppt, muss ee sech ukucken, wien de Krounprënz Mohammad Bin Salman ass.

  • Op Afrikatour: wéi funktionéiert d'Flüchtlingskris?

    Den Ausseminister Jean Asselborn an eng Lëtzebuerger Delegatioun hu sech an Tunesien, Libyen an Niger e Bild gemaacht vun der Flüchtlingskris.

  • Tierkeschen Ugrëff op Kurden

    Zënter dem 20. Januar steet den nordsyresche Kanton Afrin ënnert Beschoss vun der tierkescher Arméi.

  • GOSVSAT-1

    De Govsat-1 ass am Weltraum ukomm. 30 Joer nom Lancement vum Lëtzebuerger Astra 1A Satellit schwätzt d'Regierung elo vun engem neie Kapitel.

  • Politesch Onrouen am Iran

    Am Dezember 2017 goufen et politesch Demonstratiounen am Iran, wou méi wéi 24 Leit ëm d'Liewe komm sinn. Wat sinn d'Grënn fir dës Protester?

  • Déi global Flüchtlingssituatioun

    D'Flüchtlingsagence vun der UNO schwätzt vu 17 Milliounen deplacéierte Mënschen eleng am subsaharaeschen Afrika.

  • Iwwer 20 Staate weltwäit hunn d'Doudesstrof nach

    E politescht Instrument an den Hänn vun deenen, déi d'Muecht hunn?

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen