Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Von "Dr. No" bis "Goldeneye"

Der Kalte Krieg im Spiegel der James-Bond Filme. E Virtrag vum Historiker Yves Steichen

Deen éischte Film aus der Bond-Serie, “Dr. No”, ass um Héichpunkt vun der Kuba-Kris am Oktober 1962 erauskomm. Bis zum endgültegen Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991 goufen eng weider fofzéng Bond-Filmer produzéiert. D’Missioune vum 007 hate sech während Joerzéngten an der zwee gedeelter Welt ofgespillt, déi vun ideologesche Konflikter tëschent den USA an der Sowjetunioun gepräägt waren. Dëse geopolitesche Kontext a seng Themen - Spionage, Sabotage, atomar Oprüstung, d’Eruewerung vum Weltall asw - haten an de Bond-Filmer regelméisseg hire Kader. Enregistréiert den 22.9.16 am MNHA am Kader vun der Ausstellung: "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991" a verschafft vum Carlo Link.

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

  • Nei Serie: Autoritär

    Autoritär.png

    Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen