Klassikthema

Musek vu klassesche Komponisten zu engem bestëmmten Thema. Wat fir Mëttel hunn d'Komponiste benotzt, fir en Thema z'illustréieren? Wéi huet sech den Ausdrock vun der Musek zu engem bestëmmten Thema am Laf vun de Joerhonnerte verännert?

Foto: Bigstock

Perkussioun um Virmarsch

Am Laf vun de Joerhonnerten ass d'Perkussioun am Symphonieorchester ëmmer méi grouss ginn, mä et ass eréischt dat zwanzegst Joerhonnert, dat dësen Instrumentiste méi eng wichteg, d.h. solistesch Roll ginn huet. Perkussioniste wéi de Peter Sadlo, d'Evelyn Glennie, den Emmanuel Séjourné an de Martin Grubinger hunn der Perkussioun am Beräich vun der klassescher Musek hir "lettres de noblesse" ginn. De Remy Franck beliicht déi Entwécklung a weist si och un Hand vu Beispiller vu Lëtzebuerger Museker, wéi dem Joint Venture Duo, dem Pascal Schumacher an dem Christoph Sietzen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Papperlapop

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen