Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Foto: Kerstin Bruemmer

Nailed To Obscurity & Ranger

Nailed To Obscurity

Och kleng a jonk Plackefirmae kënnen engem hëllefen, um Wacken ze spillen. Déi Erfahrung hunn z. B. Nailed To Obscurtiy mam relativ jonke Labe Apostasy Records gemaach. Dat war eng vun den Aussoen aus dem Interview mat der jonker däitscher Band, deen et dës Woch am Metal Meltdown gëtt.  Nailed To Obscurity si bei Apostasy Records, e Label, deen eréischt 2011 gegrënnt gouf an nach guer net vill Bands gesigned huet. Den 3. Februar kënnt hiren 3. Album King Delusion och nees iwwert dëse Label eraus. Am Interview mam Sänger Raimund a mam Gittarist Jan-Ole gi mer nieft den Detailer iwwert hiren neien Album och op d’Produktioune vun de virëschten Albume mam Jörg Uken aus dem Soundlodge Studio a mam Lasse Lammert an.

Release vun der Woch: Ranger - Speed & Violence (7/10)

Eng Band, déi vläicht nach net grad jidderee kennt, déi awer definitiv Opmierksamkeet verdéngt huet, obwuel se eigentlech guer net sou originell sinn. Dat wat se onoriginell maachen, maache se nàmlech zimlech gutt. Riets geetvu Ranger, enger finnescher Thrash-, respektiv Speed Metal Band, déi sech 2009 gegrënnt hunn, an Ufank Dezember hiren neien Album Speed & Violence bei Spinefarm Records erausbruecht hunn.

Dass d’Band net ganz originell ass, läit ganz einfach och dorunner, dass si ee ganz bewosst an d’80er zréck geheien. Alles un där Band jäitzt no de Mëtt 80er, sou z. B. um neien Album och de Cover, dee carrément e Ripp-Off ass vun Exciter hirem Album Heavy Metal Maniac. Ma net nëmmen dat.. Och an d’Lidder op der Speed & Violence si ganz kloer en Hommage u Bands wéi Anthrax, Exciter, Onslaught, Razor oder Slayer beaflosst

Natierlech ënnerscheede sech Ranger och an deem engen oder anere Punkt vun hiren Idole vu virun 30 Joer. Sou ass verständlecherweis z. B. d’Produktioun eng ganz aner; ma och d’Aart a Weis, wéi d’Gittariste shredden ass e Krack méi fortgeschratt an inspiréiert, wéi déi vun de Kollegen aus den 80er

Mat hirer Aart a Weis rappen d’Finnen een einfach mat, hir Musek ass mat Energie a Geschwindegkeet gelueden. Et gëtt séier Beats, nasalt Geknouters, Gang Vocals, schéin iwwerluechten Harmonien a Geshredds drop an dowidder

Dass et Ranger also un Originalitéit feelt ass eigentlech guer net esou schlëmm. Spaass maachen se trotzdem, an dovunner kënnt dir iech elo selwer iwwerzeegen, hei si Ranger mat Speed & Violence

Playlist

Desdemonia - Horizon (Same; Independant; 1998)

Warbringer - Hunter Seeker (IV: Empires Collapse; Century Media; 2013)

Nailed To Obscurity - King Delusion (King Delusion; Apostasy; 2017)

Ranger - Speed & Violence (Speed & Violence; Spinefarm; 2016)

Sepultura - I Am The Enemy (Machine Messiah; Nuclear Blast; 2017)

Dark Tranquillity - Faithless By Default (Atoma; Century Media; 2016)

Testament - Neptune's Spear (Brotherhood Of The Snake; Nuclear Blast; 2016)



 

Rezent Emissiounen

  • Shadowhispers & Asathor

    Am Interview sinn d'Shadowhispers an Asathor.

  • Kitshickers & The Majestic Unicorns From Hell

    Am Interview sinn d'Kitshickers an d'Majestic Unicorns From Hell, déi Enn dës Mounts eng Split EP erausbréngen.

  • Strigoi

    Am Interview ass de Greg Mackintosh. Riets geet iwwert säin neie Projet Strigoi.

  • Borknagar

    Am Interview ass de Frontmann vun der Progressiver Black Metal Band Borknagar.

  • Thomas Koenig

    Am Interview ass den 100,7-Philosoph Thomas Koenig, dee sech och mat Metal auserneesetzt - awer ebe philosophesch.

  • Metal Meltdown

    Am Interview ass dës Kéier de Frontmann vun Inhuman Rampage, Patrick Wagener

  • Opeth - Martin Axenrot

    Am Interview ass den Drummer vun Opeth, de Martin Axenrot.

  • Metal Meltdown

    Aktuelles aus der Welt vum Metal

  • Metal Meltdown

    Neie Metal an der haartster Sendung vun der Woch

  • Metal Meltdown

    Neits aus der Welt vun de méi haarden Téin

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen