Globus

De Feature Globus informéiert iwwer Konflikter op der Welt - bekannter a manner bekannter. D'Konflikter gi méi déif erfuerscht: Stëmme vum Terrain kommen zu Wuert, déi verschidden Interessien a Verflechtungen ginn entbléisst an déi sozio-ekonomesch a mënscherechtlech Situatioun gewisen.

Coca: Eng kontrovers Planz

De Konsum vu Cocablieder ass e feste Bestanddeel vun der Kultur an der latäinamerikanescher Andenregioun. Mee d'Coca-Planz ass och de Basisrohstoff fir d'Produktioun vu Kokain. Zënter dem globale War on Drugs riskéiere vill latäinamerikanesch Baueren hir Liewensgrondlag ze verléieren. Dogéint wiert sech d'Cocalero-Bewegung a gëtt dobäi a verschiddene Länner och vun der Regierung ënnerstëtzt. Hannergrënn vum Mohamed Hamdi.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Neien Owesprogramm um radio 100,7

    Grille Header

    De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen