Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.
Album vun der Woch

Götz Alsmann - WDR Bigband: Winderwunderwelten
D'CD-Release vun enger Box mat 3 Albumen vum Götz Alsmann an der WDR Big Band war de 4ten November 2016. D'Sammlung heescht "Winterwunderwelten" a setzt sech zesummen aus de "Winderwunderwelt" Volumen 1 & 2, wéi och nach enger drëtter CD als Live-Matschnëtt.
Dës verswingte Chrëschtlidder mat vollen a fette Kläng vun der WDR Big Band sinn ideal fir ëm d'Chrëschtzäit doheem mat Besuch ze lauschteren respektiv fir an d'Chrëschtstëmmung anzeklammen.
Rezent Emissiounen
-
COMA - Voyage Voyage
Um Programm vum Kölner Duo COMA steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass.
-
Leonard Cohen - Thanks for the Dance
"Give me a Leonard Cohen afterlife" housch et bei engem Nirvana Song. Mam neien Disque mécht de Cohen awer genee dat: sech aus dem Noliewe mellen.
-
FKA Twigs - Magdalene
E Post-Breakup-Album, deen de perfekte Begleeder fir d'Wanterdepressioun ka sinn.
-
Arthur Russell - Iowa Dream
Un der onfiltréierter Source vun der Kreativitéit
-
King Princess - Cheap Queen
Hanner deem ambiguen Numm King Princess verstoppt sech déi 20-järeg Mikaela Straus aus Brooklyn, New York, a si huet et fauschtdéck hanner den Oueren.
-
Yvon im Kreis der Liebe
Dräi Museker aus Nordrhein-Westfalen zéien den italienesche Indianersummer mat sech.
-
Richard Dawson - 2020
Absurditéit, Verzweiwlung an den Alldag hu reegelméisseg matenee Rendez-vous um Richard Dawson senger neier Plack.
-
Big Thief - Two Hands
Déi smartsten Americana Band mam zweeten Album fir dëst Joer: Den Äerd-Zwilling - e steet mat zwee Féiss um texanesche Wüstebuedem.
-
Luke Temple - Both-And
Meditativ awer catchy Konstrukter vun engem experimentéierte Museker
-
Dyson Stringer Cloher - s/t
Feministesche Rock vun Down Under, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf.
-
Devendra Banhart - Ma
Op sénger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sëch den Devandra Banhart mat sénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt.
-
One True Pairing - One True Pairing
E Soundtrack fir schwiereg Zäiten.
-
Rocko Schamoni - Musik für Jugendliche
"Musik für Jugendliche" - net d'Konzept vu Bravo Hits, mee den Titel vun engem 53-Joer alen Entertainer.
-
Adam Green - Engine of Paradise
Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen erfuerscht den Adam Green an engem weideren, a besonnesch gelongenen Album.
-
Whitney - Forever Turned Around
Déi zwee Kolleegen aus der "wandeger Stad" liwwere Balsam fir d'Séil.
Programm
-
The Jim Kent Show
-
On air
Klassik Live - Schubert a Rossini
-
Panorama
-
Blue Note - Nominatiounen a Gewënner
-
Notturno
Net verpassen
-
Haut den Owend live aus der Philharmonie
De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen