Literaresch Rares

Si sinn op kenger Bestseller-Lëscht ze fannen, ginn net an der Schoul behandelt an net an de Fënstere vu Librairien exposéiert. Si sinn dacks vergiess, si laang net méi gedréckt ginn an deene meeschte Lieser onbekannt. An awer sinn et literaresch Meeschterwierker, déi derwäert sinn entdeckt ze ginn.

SchrëftstellerInnen, déi vum Schnéileoparden a Kirgisien erzielen oder vu verzauberte Beem am Nigeria, assimiléiert Judden an Ungarn, verstousse Fraen am zaristesche Russland, emanzipéiert Fraen an Hitler-Däitschland.

Magesch Geschichten iwwer d'Kolonialzäit op Haiti an d'Virkrichzäit an Norddäitschland, nodenklech Erënnerungen un e Liewen am Exil, differenzéiert Vuen op bedeitend Schrëftsteller mat der Ana Dostojewskaja an der Sofja Tolstaja, iwwerraschend Begéinunge mat dichtend Keeserinnen a revolutionär Zänndokteren, spannend Sich no verlueren Identitéiten a geklaute Fotoen an onbekannt Planéiten...

D'Valerija Berdi entféiert op eng Rees duerch déi ganz Welt an duerch all Zäiten op der Sich no rare Pärelen ënnert dem Literaturhimmel.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen