Rockultur

Mike Tock

De Mike Tock rockt eng Stonn duerch Indie a Garage, Punk a Psychedelic, Alternativ a Crossover. Mat neie Sortien a Concerts-Propositiounen, mat déckem Gas a coole Beats. Tock'n'Roll eben ...

De Leonard Cohen um Cover vu sengem leschten Album 'You Want It Darker' - d'Foto huet säi Jong a Gittarist, den Adam Cohen gemaach.

Leonard Cohen in concert

De Kanadier gehéiert zu de grousse Museker déi eis dëst Joer verlooss hunn: de 7. November ass hien am Alter vun 82 zu Los Angeles gestuerwen, kuerz no der Sortie vu sengem leschte Studioalbum ‘You Want It Darker’. E Wierk op deem de Kanadier a sengen Texter ugedeit huet, dass den Äddi nobäi wier.

Säi leschte Live-Album ass deen, deen 2013 an der irescher Haapstad, zu Dublin opgeholl guef: eng bal dräi Stonnen huet de Cohen sech duerch all seng Erfolleger zanter sengem Debut Mëtt de Sechzeger duerchgesongen. De Fred Medernach huet eng knapp 90 Minutten aus dësem Optrëtt zesummegestallt.  Ouni laang Wierder dertëschent: vill ass zanter November geschriwwen an erzielt ginn iwwert de Leonard Cohen, säi Numm dierft am Netz  ee vun den am meeschten ugeklickten dëst Joer sinn, opmannst am Musekberäich.  An dëser annerhallwer Stonn konzentréiere mir eis op seng Musek, seng Kompositiounen, mat ville vu sengen Erfollegslidder déi vertruede sinn.

Hei d'Playlëscht:

01) Dance Me To The End Of Love

02) The Future

03) Bird On The Wire

04) Everybody Knows

05) Who By Fire

06) The Gipsy's Wife

07) Darkness

08) Amen

09) Come Healing

10) Lover Lover Lover

11) Anthem

12) Suzanne

13) So Long, Marianne

14) First We Take Manhattan

Rezent Emissiounen

  • Blood Red Shoes

    Si hu grad am Virprogramm vun de Pixies gerockt. Fir d'Afterparty kënnt de briteschen Duo bei eis an de Studio en exklusiven DJ Set spillen.

  • Rockultur

  • Live Gigs

    Mat Live-Extraite vu Popa Chubby, Walter Trout an Ad van der Veen - zolitte Rock a méi filigrane Singer/Songwriting ...

  • Rockultur

    Sound vu gëscht mat Interprete vun haut, en dueble 'back in time' an e Rëckbléck op eis 'Album vun der Woch'-Lëscht ...

  • Dat war den Dour Festival

    Ee Réckbléck op dee gréisste Festival an der Wallonie.

  • Classic Rock

    Rock Klassiker, op am Original oder gecovered ... eng Rees an d'Sechzeger an d'Siwwenzeger

  • Ausbléck op den Dour Festival

    Solange, Kate Tempest an Jonwayne sinn ënnert den Headlinere vum gréisste Festival an der Wallonie. Den Dour ass vum 12. bis de 16. Juli.

  • Leonard Cohen in concert

    90 Minutten aus engem vun de läschte Concerte vum Leonard Cohen, opgeholl 2013 zu Dublin.

  • Classic rock live!

    Mat der Uergel vu Frumpy, de Gittare vu Wishbone Ash, der Mondharmonika vum Jagger, Lord/Page/Gillan an Topform plus de Mr. Slowhand!

  • Classic Rock Live!

    Eng Stonn "back in time" mat Concertsextraiten aus dem Beräich classic rock - fir erëmzehéieren oder fir z'entdecken.

  • Lennon/McCartney Songbook

    Den Duo John Lennon/Paul McCartney ass deen am meeschte gecoverten an der Rock- a Popgeschicht.

  • The Kills

    Déi ideal Astëmmung virum Optrëtt vu VV & Hotel op Esch/Belval!

  • Rockultur

    King Gizzard and the Lizard Wizard hunn en neien Disk erausbruecht.

  • Hold Your Head Up!

    Mam Live-Album vun de Zombies aus dem Shepherd's Bush Empire, Jazz-Rock vun If an e puer Ausflich an d'psychedelic rock-Zäit!

  • Out Of The Crowd 2016

    Eng Stonn rondrëm déi 13. Editioun vum OOTC, déi de Samschdeg, 30. Abrëll an der Kufa iwwert d'Bühn geet.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Time Out

  • Rockultur

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen