World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Angélique Kidjo - a Wierder an an Nouten

D'Angélique Kidjo mam Orchestre Philharmonique du Luxembourg ënnert der Direktioun vum Gast Waltzing säckelen am Februar vun dësem Joer e Grammy zu L.A. an, deen drëtte fir d'Sängerin aus dem Bénin, eng Première fir Lëtzebuerg.

D'Kënschtlerin steet am Mëttelpunkt vun dëser Emissioun: an Nouten an awer och a Wierder. Wéi si op Nationalfeierdag hei am Land war, hat de Fred Medernach d'Geleeënheet si z'interviewen - a souz géintiwwer enger Fra voller Energie a Passioun, déi och, awer beileiwen net nëmmen iwwer Musek geschwat huet. E Gespréich op franséisch, an deem si kee Blat virun de Mond geholl huet an iwwert déi Theme geschwat huet, déi hir speziell als Afrikanerin uewe leien: Schoulausbildung fir jiddereen, besonnesch fir Meedercher, Verständnis fir Jonker, déi net méi mat Korruptioun a Benodeelegung averstane sinn, en Opruff zu Respekt och an e Bloussstelle vun eis hei am sougenannte Westen, well mir fir esou muenches wat Politik a Gesellschaft betrëfft, um schwaarze Kontinent eng grouss Responsabilitéit droen.

Mat Extraiten aus dem ausgezeechenten Album a live Titele vun der Grammy-Gewënnerin.

Rezent Emissiounen

  • Haydamaky

    De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz

  • Von Kuba in die Welt

    Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.

  • Neie Kascht fir de World-Summer

    Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival

  • Jenseits von Indien

    En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...

  • Cap Vert - Brasilien an zeréck

    Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.

  • Smile!

    Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...

  • Sacred Sounds a schamanesch Beats

    Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.

  • Tram des Balkans

    Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.

  • Goran Bregovic

    Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.

  • Orlando Julius & the Heliocentrics live

    Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017

  • Op katalanesch!

    Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...

  • Francesco De Gregori live

    Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.

  • Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner

    Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.

  • Klanglandschaften

    E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...

  • Eng Rees an den Orient

    Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

    • Noriichten

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen