100,7 LIVE

radio 100,7

Live-Concerte vu groussen Orchesteren, Live-Emissioune vu Festivaller an Evenementer. De radio 100,7 ass fir Iech do wou eppes gebuede gëtt.

radio 100,7 & SR3 mat der Musikbühne Saar live am Trifolion

De radio 100,7 an den SR3 presentéieren dëst grousst musikalescht Evenement fir t'éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg, am Trifolion Iechternach. Op der Bühn stinn The Duke’s Singers, d'Jazz Bigband vun der Iechternacher Museksschoul an déi däitsch Grupp Three Times a Lady. D'Sendung gëtt live moderéiert vun der Susanne Wachs (SR3) an dem Claude Mangen (radio 100,7).

Rezent Emissiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen