Aktuelles

Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.

Fëmmverbuet fir Jonker ënner 18 Joer

Éisträich plangt ee generellt Fëmmverbuet fir Jonker ënner 18 Joer. Mannerjäreger, sou déi zoustänneg Gesondheetsministesch, sollen op déi Manéier den Zougang zu Tubaksprodukter gesetzlech verbuede kréien. Kann eng Interdictioun Hand an Hand mat Preventiounsaarbecht goen, oder mécht ee sech éischter Dieren zou? Froen, déi ee sech och bei der Fondation Cancer zu Lëtzebuerg stellt. De Gilles Wunsch informéiert.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen