Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Den Edgar Moreau huet viru kuerzem säin zweeten Disque zesummen mam Pianist David Kaddouch opgeholl

Den Edgar Moreau

Laureat vum Tschaikowsky-Concours, vum Rostropowitsch-Concours, Victoires de la Musique 2013: Dee franséischen Cellist Edgar Moreau, haut 22 Joer, huet bannent kierzter Zäit eng fulminant Carrière gemaach, an där déi rezent CD "Giovincello" gewëssermoossen den Tëppelchen um I ass. D'Philharmonie de Paris huet den Edgar Moreau fir dës Saison als "Rising Star" nominéiert an hie spillt den 11.1.2017 an der Philharmonie zu Lëtzebuerg. de Guy Engels huet sech mam Edgar Moreau iwwert seng Carrière a seng Entdeckung vum Cello ënnerhalen.   

 

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Live aus der Philharmonie

    Schubert a Rossini

    De Franz Schubert an den Gioacchino Rossini: Béid Komponisten hunn der Musekswelt Wierker hannerlooss, déi si net méi fäerdeg kruten. Dat ass de roude Fuedem vum Concert mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg en Donneschdeg, den 12. Dezember 2019, deen de radio 100,7 vun 20:00 Auer u live aus der Philharmonie iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen