World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Dobet Gnahoré in concert

D'Dobet Gnahoré, Joergang 1982, vereent an hirer Musek verschidden afrikanesch Genren, déi mir nawell gär an een eenzegt Dëppe geheien, mä wou jidderee seng eegen Originnen huet: aus dem Kongo, aus dem Kamerun ... och de Ghana a Südafrika, besonnesch de Zulu-Aspekt droen zu deem pan-afrikanesche Sound vun der Dobet Gnahoré bäi. Live kënnt deen am beschten zum Droen, wëll op der Bühn vill Gefiller kënnen vun der Interpretin ausgelieft ginn, déi am Studio alt emol op der Streck bleiwen.

Dëse Concert ass en EBU-Concert (European Broadcast Union), deen net op Album disponibel ass. Opgezeechent guef den 18. Juni zu Riga a Lettland.


Presentéiert vum Jamie Reinert.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen