Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles

Wantersolden 2017
Wat fir ee Stellewäert hunn d'Solden, a wie profitéiert dovun? Dozou d'Anne Darin, Presidentin vum Stater Geschäftsverband um Mikro vum Gilles Wunsch.
Rezent Emissiounen
-
Déidlecht Accident um Chrëschtmaart: Vill oppe Froen
Et geet elo drëms sou séier wéi méiglech d'Ursaach fir dat déidlecht Accident erauszefannen. esou d'Lyddie Polfer. E Sonnden gouf en 2 Joer jonke Bouf vun enger Skulptur erschloen.
-
Studenten an Däitschland streike fir de Klima
Eng Woch laang gëtt a ronn 40 Stied den normalen Uni- an Héichschoulbetrib duerch Coursen a Workshoppen zum Thema Klima ersat.
-
Zukunft vun de Sozialsystemer
Wéi soll d'Sozialversécherung och an Zukunft finanzéierbar sinn?
-
"D'Doktere ginn als lescht"
Noutfallmedezin am Krisegebitt Nordost-Syrien
-
Google Daten-Zenter: 400 Leit op Informatiounsversammlung
Google hat d'Awunner vu Biissen invitéiert, fir méi iwwer dee geplangten Daten-Zenter gewuer ze ginn. Et gouf vill Froen iwwer den Impakt op d'Ëmwelt an d'Gesondheet.
-
Roxham Road: D'Strooss vun der Hoffnung
All Dag notze Refugiéeneng kleng Strooss am Norden vum US-Bundesstaat New York fir op dësem Wee a Kanada anzereesen an hei Asyl ze froen.
-
Deem enge säi Leed, deem anere seng Freed
Zu Esch goufen dräi Giveboxen inauguréiert, an déi ee Saache leeë kann, déi een net méi brauch. Anerer kennen déi Objeten da mathuelen.
-
Renovatioun vum Centre Ulysse
An den nächsten zwou Woche sollen déi lescht 12 Obdachloser aus dem Centre Ulysse relogéiert sinn, esou d'Caritas. D'Gebäi muss renovéiert ginn.
-
An der Hypnos-Therapie verléiert ee säi Wëllen net
Ouni e laangt Virgespréich keng Hypnos-Therapie
-
"Se sollen eens ginn"
Mat hirer Campagne wëllt SOS Faim sech dofir asetzen, datt afrikanesch Famillen an Zukunft manner op extern Hëllef ugewise sinn.
-
Wa Kanner Gewalt ausgesat sinn
Kanner hunn e Recht drop viru Gewalt geschützt ze ginn. Trotzdeem gëtt et déi Gewalt, och zu Lëtzebuerg. Mir hu bei Acteure vum Terrain nogefrot.
-
Matbestëmmung ass e Kannerrecht: Kanner kréien d'Wuert
Ronn 80 Kanner tëschent 8 a 12 Joer hunn op der Kannerkonferenz CHICO hir Meenung geäussert an interaktiv iwwer Kannerrechter diskutéiert.
-
Animateur ginn - Animateur sinn beim SNJ
Aventure fir Grouss a Kleng
-
Olympesch Summerspiller 2032 ronderëm Rhäin a Ruhr?
14 Stied aus Nord-Rhein-Westfalen wëllen 2032 d'olympesche Summerspiller organiséieren. "Rhein Ruhr City 2032" gouf zu Berlin presentéiert.
-
"De Mënsch, net d'Kapital, misst am Mëttelpunkt vun eise Rechter stoen"
Klengbauere musse gestäerkt ginn, soen Aktivisten aus West- an Zentralafrika. Si waren op Invitatioun vun der ONG SOS Faim zu Lëtzebuerg.
Net verpassen
-
Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken
Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen