To the bone

Stéck fir Stéck gi klassesch Wierker vum Stëbs vun der Zäit befreit, bis se rank a schlank, "to the bone" do stinn. D'Anne Galowich placéiert d'Kompositioun historesch, geographesch a virun allem frësch ofgespeckt a säin urspréngleche Kontext. Eng nei Manéier, fir Musek z'entdecken! 

De J.S. Bach (1685 - 1750)

Adagio d-moll BWV 974

BWV 974: Hannert dëser ominéiser Ofkierzung verstoppt sech eng Pärel vu seelener Schéinheet: dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher. Firwat huet de Bach dës Transkriptioun gemaach? Wien huet se deemools gespillt, a virun allem: op wat fir engem Instrument? Dir wäert Iech wonneren ...

D'Anne Galowich huet  - Claveciniste pur sang -  Wierker aus der Barock-Zäit ausgewielt. Wetten, datt Dir se nach ni esou héieren an entdecke konnt?

Rezent Emissiounen

  • Marche pour la cérémonie des Turcs - Jean-Baptiste Lully

    "Ei, wie schmeckt der Kaffee süsse", and other turkish delights ....

  • Fandango! - Antonio Soler

    Sonn, Temperament a Leidenschaft - wat wëll ee méi?

  • Adagio a sol mineur - Tomaso Albinoni

    Dëst immens beléifte Stéck ass ee Kuckucksee - et ass weder vum Albinoni, nach aus der Barockzäit. Een Eenzelfall? Beileiwen net ...

  • Spem in alium

    Dem Thomas Tallis säi Meeschterwierk, déi englesch Renaissance, Polyphonie an ee klengen Ausfluch op Rëmerschen stinn am Mëttelpunkt.

  • D'Goldberg-Variatiounen

    Dem Bach säi Meeschterwierk kritt keng Falen.

  • Le quattro stagioni - L'inverno

    E fréit Beispill vu sougenannter Programm-Musek

  • Lascia ch'io pianga

    Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo".

  • Adagio d-moll BWV 974

    Dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher

Programm

  • Proms - The Songs of Scott Walker

  • On air

    E-Lodie

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Panorama

Dossieren

  • CinÉast 2017

    Schonn déi zéngten Editioun vum Lëtzebuerger Filmfestival, deen e breede Panorama vum "Art et essai"-Kino aus Mëttel- an Osteuropa bitt. Eng 100 Projektioune vu Wierker aus 19 europäesche Länner.

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

Communiquéen

  • Literaturlabo 7: Bilan

    En Donneschdeg, 7.12. um 19:00 am Institut Pierre Werner

  • Offre d'emploi

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle recrute un(e) technicien(ne) radio.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen