Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Den Historiker Pol Schiltz

De Robert vu Monreal, Abt vun Iechternach am 16. Joerhonnert

Am 16. Joerhonnert war d'Trennung vu Kierch a Staat nach keen Thema. De Robert vu Monreal, Abt vun Iechternach, war net nëmmen e wichtege reliéisen, mee och en aflossräiche politeschen Acteur. D'Historiker Pol Schiltz an Al Estgen hunn en neit Urkunden- a Quellebuch zu där Epoch vun der Abtei zesummegestallt. De Pol Schiltz ass am Gespréich mam Renée Wagener.

 

Rezent Emissiounen

  • Christoph Brüll

    Ostbelgien - sproochlech, politesch a kulturell Deitungskämpf ëm d'Identitéit vun enger Regioun

  • #wielewatmirsinn

    Den 28.9.2019 gouf de Centenaire vum allgemenge Wahlrecht gefeiert. Renée Wagner a Régis Moes erklären d'Expo an deem Kontext.

     

  • Irma Hadzalic

    Sozial Initiative vun der ARBED a Brasilien hunn d'Fuerscherin interesséiert.

  • Humanities Talk

    D'Linguistin Judith Manzoni beschäftegt sech an hirer Aarbecht als éischt Linguistin mam Intonatiounssystem vum Lëtzebuergeschen.

  • Fabienne Gilbertz

    D'Literaturwëssenschaftlerin analyséiert an hirer 2018 ofgeschlossener Thees verschidden Aspekter vun der Professionaliséierung an a vun der Lëtzebuerger Literatur.

  • Bernardino Tavares - Kapverdianesch Migratioun

    Den Ethnograph Bernardino Tavares huet 2018 eng Fuerschungsaarbecht iwwer kapverdianesch Migratioun ofgeschloss, déi interessant Liene weist.

  • Tim van der Heijden

    De Mediewëssenschaftler huet mam Projet "Changing platforms of ritualized memory practices. The cultural dynamics of home movies" d'Geschicht vum Amateurfilm recherchéiert.

  • Die Teilhabe am Politischen

    Den Discours ëm d'politesch Participatioun hei am Land

  • Den Eduard Conzemius, e Lëtzebuerger Ethnolog

    Den Historiker Claude Wey huet sech mam Ethnolog Eduard Conzemius befaasst, deem säi Werdegang sech an en transnationale Kontext aschreift.

  • De Pasha Rafiy geet op Arles

    D'Laurianne Bixhain an de Pasha Rafiy representéiere Lëtzebuerg op der 49. Editioun vum internationale Fotofestival Rencontres d'Arles.

  • Der Fotografin Laurianne Bixhain hire Projet fir Arles

    D'Laurianne Bixhain an de Pasha Rafiy representéiere Lëtzebuerg op der 49. Editioun vum internationale Fotofestival Rencontres d'Arles.

  • Textilhandel an der réimescher Zäit

    De jonken Historiker Jan Lotz fuerscht iwwer Handelsfamillen an Handelsnetzwierker, iwwer Handelszentren an Handelsrouten a Gallien.

  • Eng virtuell Ausstellung zum Éischte Weltkrich - wéi geet dat?

    D'Historikerin Sandra Camarda ass fir d'Konzept an d'Ausféierung vun der Ausstellung "Remembering the Great War in Luxembourg" responsabel.

  • Jiddesch Fräiwëlleger am Spuenesche Biergerkrich

    Den Historiker Gerben Zaagsma huet e Buch iwwer d'Geschicht an d'Memoire vun de jiddesche Spueniekämpfer an den 1930er Jore geschriwwen.

  • De Lëtzebuerger Paysagist Eugène Mousset

    D'Laure Caregari an de Luciano Pagliarini hunn e Buch iwwer den Eugène Mousset editéiert, en Escher Moler aus dem 20. Joerhonnert.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen