Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Dan Tanson ©Anouk Antony

E Lëtzebuerger an der Elbphilharmonie

Den Dan Tanson ass e Regisseur, dee mat senge musikalesche Projete fir Kanner duerch ganz Europa reest. Am Kader vun der Erëffnungsfeier vun der Elbphilharmonie zu Hamburg leed hien direkt zwee Projeten: Den éischten Dag vun der Erëffnung féiert en dem Antonin Dvorak seng "Reise in eine neue Welt" zesumme mam Ensembel Resonanz an enger neier Versioun op. A mat "Heroïca" steet eng Produktioun um Programm, déi den Dan Tanson zesumme mam Lucerne Young Performance Ensemble ausgeschafft huet.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen