Blue Note

Jitz Jeitz Marco Reusch Manuel Ribeiro Pit Dahm Pol Belardi Stefano Agostini Jeff Herr

D'Aktualitéit am Jazz-Beräich zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. Interviewe mat Museker a Presentatioune vun neien CDen an Evenementer.

Den Jazz viru 50 Joer

1967 war alles méiglech am Jazz: de Freejazz war etabléiert, et gouf awer och nach traditionell gespillt, hardbop a funky, an de Fusionjazz huet och scho seng Nues gewisen. E variéierte Réckbléck vum Jitz Jeitz op d'Joer 1967 mat Musek ë.a. vu Miles Davis, Wayne Shorter, McCoy Tyner, Herbie Hancock, Peter Brötzmann, Archie Shepp, Gary Burton a Larry Coryell.

Rezent Emissiounen

  • Reis Demuth Wiltgen: Neien Album

    Den 3. Album vum Trio ass elo eraus an heescht: Once in a Blue Moon.

  • Donny McCaslin & Almadav project

    De Concert vum amerikanesche Saxophonist Donny Mc Caslin am Cube zu Maarnech an eng nei CD aus der Belsch vum Ensemble Almadav project.  

  • Like a Jazz Machine vol. 2

    All Joer ass am Mee den Jazz Festival zu Diddeleng opderschmelz. An och dës Kéier erwaart eis erëm vill gutt Musek.

  • Like a Jazz Machine - Special

    De Festival zu Diddeleng vum 10.-13. Mee 2018 an de Michel Meis Quartet.

  • Maxime Bender

    De Lëtzebuerger Saxophonist a Komponist Maxime Bender.

  • LJO - Thomas Bracht - Mike Bell

    Dräi Invitéë verroden dem Manuel Ribeiro hir neiste Projeten.

  • Live Jazz uechter d'Land an d'Sängerin Jazzmeia Horn

    Mat Musek vum Richie Beirach, David Linx, Christine an Ingrid Jensen, dem Pianotrio The Bad Plus an der neier CD vun der Sängerin Jazzmeia Horn.

  • Eric Dürrer - Choco y sus complices

    Den Eric Dürrer huet sech iwwer d'Joren eng zolidd Reputatioun am Beräich Latin Jazz gemaach a presentéiert am Abrëll säin neien Album am Trifolion zu Iechternach.

  • Roots run deep

    The other tenor sounds - Charles Lloyd a Yusef Lateef

  • Lëtzebuerger Jazzisten am Asaz

    Den Arthur Possing 4tet, de Maxime Bender an de Pol Belardi hunn Aktuelles unzebidden.

  • Joshua Redman

    E Portrait vum amerikanesche Saxophonist, deen zesumme mam Lëtzebuerger Jazztrio RDW Reis-Demuth-Wiltgen an d'Philharmonie kënnt.

  • Reis-Demuth-Wiltgen feat. Joshua Redman, OPL a Vince Mendoza

    De Pianos-Trio spillt sech lan d'Kinneksklass vum modernen Jazz weltwäit. Nächst Etappe sinn en Tour mam Joshua Redman, en neien Album an e Concert an der Philharmonie de 16.3.

  • Mark Guiliana

    De 37 Joer ale Museker gëtt zënter e puer Joer als regelrechten Drumguru glorifizéiert, als Trommler mat enger gewalteger Influenz.

  • Niels Engel am Criss Cross Europe

    Residenz fir jonk europäesch Jazzisten zu Diddeleng mat der Marilyn Mazur

  • Lincoln Center Jazz Orchestra

    E Portrait vum Lincoln Center Jazz Orchestra, deen den 23. an de 24. Februar an d'Philharmonie kënnt.

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen