World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

Stëmmen aus Finnland: Tuuletar (Foto: Alja Lehtonen/tuuletar.com)

Sound & Vision (1/2)

Stëmmen. Téin. Nouten. Wierder. Geräischer: erginn: Sound + Stëmmungen. Sproochen, déi een net versteet, mä déi engem awer eppes soen, och eppes ze soen hunn. Déi Gefiller vermëttelen. Musek, fir mat den Aen op oder zou ze lauschteren. Invitatiounen, fir op d'Rees ze goen. World ass de radio 100,7-Rendez-Vous fir d'musiques du Monde ... an d'Destinatioune vun der Duebel-Emissioun "Sound & Vision" leie verstreet ronderëm de Globus: am Deel 1 geet et vun Tunesien an der Bretagne iwwert Pakistan, Norwegen an England bis an den Iran oder an d'Karibik. An heiansdo di sech och Museker aus Länner "déi Welten trennen" zesummen, fir ze musizéieren, wéi bei der Formatioun Rivière Noire oder dem Trio Brönnimann/Hason/Cissoko (Schwäiz/Israel/Senegal) - mee firwat däerfe Bassklarinett, Kora a Kalimba net gemeinsam an een Tounstudio goen? 

Am zweeten Deel vu "Sound & Vision" (24.1.) geet déi musikalesch Weltrees mat spannende Kooperatiounen an entstëbste Klischeeën weider. Béid Kéiere proposéiert vum Fred Medernach.

Hei d'Playlëscht vun den Owend:

  1. Anouar Brahem: For No Apparent Reason
  2. Alan Stivell: Brian Roru
  3. Tuuletar: Vakia 
  4. Nusrat Fateh Ali Khan: Musst Musst
  5. McCallum&Walker: Sky Dancer
  6. Rivière Noire: Bate Longe
  7. JMO: Al Nge Taa
  8. JMO: Alila /
  9. Taj Mahal: The Calypsonians
  10.   Azam Ali & Loga Ramin Torka: The Ociean

Surftips: www.cpl-music.de  a www.nordic-notes.de

 

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen