To the bone

Stéck fir Stéck gi klassesch Wierker vum Stëbs vun der Zäit befreit, bis se rank a schlank, "to the bone" do stinn. D'Anne Galowich placéiert d'Kompositioun historesch, geographesch a virun allem frësch ofgespeckt a säin urspréngleche Kontext. Eng nei Manéier, fir Musek z'entdecken! 

Georg Friedrich Händel (1685 - 1759)

Lascia ch'io pianga

Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo". Den Händel huet d'Oper, déi ee Risesuccès zu London hat, bannent nëmmen zwou Woche geschriwwen. Wéi ass esou eppes méiglech? Lauschtert d'Anne Galowich an entdeckt, datt den Händel wuel genial, mee och äusserst gewëtzt an net grad zëmperlech war - time is cash, time is money.

Rezent Emissiounen

  • Marche pour la cérémonie des Turcs - Jean-Baptiste Lully

    "Ei, wie schmeckt der Kaffee süsse", and other turkish delights ....

  • Fandango! - Antonio Soler

    Sonn, Temperament a Leidenschaft - wat wëll ee méi?

  • Adagio a sol mineur - Tomaso Albinoni

    Dëst immens beléifte Stéck ass ee Kuckucksee - et ass weder vum Albinoni, nach aus der Barockzäit. Een Eenzelfall? Beileiwen net ...

  • Spem in alium

    Dem Thomas Tallis säi Meeschterwierk, déi englesch Renaissance, Polyphonie an ee klengen Ausfluch op Rëmerschen stinn am Mëttelpunkt.

  • D'Goldberg-Variatiounen

    Dem Bach säi Meeschterwierk kritt keng Falen.

  • Le quattro stagioni - L'inverno

    E fréit Beispill vu sougenannter Programm-Musek

  • Lascia ch'io pianga

    Dës wonnerschéin Aria ass ee vun den Héichpunkte vum Georg Friedrich Händel senger Oper "Rinaldo".

  • Adagio d-moll BWV 974

    Dem Johann Sebastian Bach seng Transkriptioun vum zweete Saz aus dem Alessandro Marcello sengem berühmte Concerto fir Hautbois a Sträicher

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

    • Noriichten

  • Noriichten

  • Moies-Magazin

  • Panorama

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen