Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

© Ira Weinrauch

Op der Sich no flotte Klangkombinatiounen

Véier Saxophonen an ee Piano - eng ongewinnte Kombinatioun, déi d'Markenzeechen vum Alliage-Quintett ass. D'Recherche vun neie Klangfaarwen ass de Fonds de Commerce vun dëser Formatioun - well et un Originalrepertoire feelt, awer och well et musikalesch Ouverturen offréiert. Den Alliage-Quintett war an der Lescht e regelméissege Gaascht zu Lëtzebuerg. Am November ware se fir ee Kannerspektakel an der Philharmonie, iwwert de Weekend elo fir e Concert zu Esch, wou de Manuel Ribeiro sech mam Daniel Gauthier, dem Chef vum Ensemble, konnt ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen