Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Gary Clark jr. in concert

Deen haut 32jährege schwaarze Gittarist a Sänger gëlt als ee vun de prominenteste Vertrieder vun der neier US-Blueszeen. Ee vu senge Virbiller ass de Jimi Hendrix, wat den Undeel un elektresch verzerrtem Rock a sengem Sound erkläert. 2011 huet den US-Magazin Rolling Stone hien als villverspriechendste jonke Bluesmuseker vum Joer ausgezeechent (als sougenannte "best young gun") - e Grammy zwee Joer duerno confirméiert dës Ausso.

Presentéiert vum Fred Medernach. Hei d'Playlëscht vum Set: 

  1. Bright Lights 
  2. When My Train Pulls In
  3. Cold Blooded
  4. Our Love 
  5. Travis County
  6. Numb
  7. Next Door Neighbour Blues
  8. Catfish Blues
  9. Don't Owe A Thang

 

 

 

Rezent Emissiounen

  • El Toro Records

    Um spuenesche Label kritt de Blues Begleedung vu Rockabilly, Surf, Rhythm 'n' Blues a vill Nostalgiesound.

  • Savoy Brown - Witchy Feelin'

    Rouege Blues ouni Héichten oder Déiften. 54 Minutten entspaante Bluesmusek.

  • Swing, Shuffle a vill Gittaren

    Nei Sortie vu B.B. & the Blues Shacks, Popa Chubby a Supersonic Blues Machine, als Concert-Tip am Sang & Klang den Anson Funderburg

  • The Blues Company Limited Jubilee Edition

    Zanter méi wéi 40 Joer si si Bestanddeel vun der däitscher Blueszeen: D'Blues Company vun Osnabruck.

  • Gittar sicht Uergel!

    "Live at C-Boys" ass deen neie gemeinsamen Album vum Jimmie Vaughan an dem Mike Flanigin op der Hammond-B3 ... mat ganz vill Groove!

  • Remo Cavallini's last blues from 29

    Den Déifferdenger Bluesmann ass Invité am Studio mat sengem neien Album "The Last Blues From 29".

  • Roll With The Punches

    Am Hierscht 2017 koum eng nei CD vum Van Morrison eraus, vollgeluede mat Blues ...

  • Neies vum Bluesmaart

    Nei Albume vu Savoy Brown, Tommy Castro, Rick Estrin an Albert Castagia a live-Extraite vum Robin Trower viru sengem Gig zu Déifferdeng

  • Albert Lee live at the Iridium

    Bei Head, Hands & Feet gouf hien Ufank de Siwwenzeger grouss. Duerno dann eng fantastesch Solokarriär als Gittarist, Pianist, Sänger ...

  • Blues meets Zydeco

    Dem Sonny Landreth seng Slide-Gittar trëfft op Akkordeon a Wäschbriet: Live in Lafayette ass den neien Duebelalbum vum Amerikaner.

  • Nine Below Zero live in Gifhorn 2015

    Déi englesch Bluesband Nine Below Zero feiert dëst Joer hire 40-jährege Jubiläum.

  • To hell ... mam Blues!

    Hell ass de Numm vun enger Uertschaft a Norwegen. De Blues gëtt do grouss geschriwwen. Ëm de Link mat Lëtzebuerg geet et an dëser Stonn!

  • Atlantic Family live at Montreux

    White Soul, Funk, Jazz a Blues: genéisst The Atlantic Family live zu Montreux.

  • Bo Diddley

    Have Guitar Will Tour

  • Harry Manx & friends live

    De kanadesche Gittarist a Sänger opgeholl am Glen Gould Studio zu Toronto - e Mix aus Folk, Blues an indesche Melodien

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen