World

Maria Gutierrez Fred Medernach

De radio 100,7 Rendez-Vous mat de musiques du monde: nei Sortien aus dem Beräich Weltmusek, Klassiker vum Genre, d'Fusioun vu Kulturen a Nouten. Eng musikalesch Rees rondrëm de Globus mam Maria Gutierrez a Fred Medernach

De Pekko Kaeppi (Bildmëtt) a seng Band: konventionnel kléngt aanescht! (Foto: Konsta Leppänen/pekkokappi.com)

Sound & Vision (2/2)

Och am zweeten Deel vu "Sound & Vision" begéine mer Leit, deenen d'Musek an d'Zesummespillen un d'Häerz gewuess ass: d'Spuenier vu Mixtalobo ginn dem Flamenco mat Rock a Blues nei Impulser, Meszecsinka kléngen, wéi wa se Landsleit vun den Iberer wieren ... si kommen awer aus der ungarescher Puszta. D'Portugise vun Terrakota erënneren op hirem neien Album "Oxala" un déi dacks onséileg kolonial Vergaangenheet vun hirer Heemecht an huele mat Museker aus Indien an Angola op. Dat Portgisescht kënnt och bei der brasilianescher Sängerin Anelis eraus, si huet awer mat traditionelle Sambatéin a Copacabana-Klischeen absolut näischt um Hutt. An de Finn Pekko Käppi strooft mat sengem Sound all déi Ligen, déi mengen, uewen am héijen Norde wier alles kal an ouni Passioun!

Proposéiert vum Fred Medernach - den éischten Deel vun der musikalescher Weltrees mat Stëmmen a Stëmmungen (Emissioun vum 10.1.2017) fannt Dir an eiser Mediathéik.

Hei d'Playlëscht vun haut:

  1. Mixtolobo: Tomi Mio
  2. Meszecsinka: La Piconera 
  3. Mixtolobo: El Perdigal
  4. Terrakota: Kutch Nahi
  5. Terrakota: Social Insecurity
  6. No Blues: The World Keeps Turning 
  7. Pekko Kaeppi: Mun Vereni 
  8. Pekko Käppi: Ruumiin Tomua
  9. Anelis: Neverland 
  10.   Anelis: Secret
  11.   Swing Samba Combo: Road Song

Rezent Emissiounen

  • Haydamaky

    De polnesche Schrëftsteller Andrzej Stasiuk an déi ukrainesch Folk-Rock-Band Haydamaky mat Texter vum polneschen Nationaldichter Adam Mickiewicz

  • Von Kuba in die Welt

    Musek vun der karibescher Insel vu Kënschtler, déi een uechter d'ganz Welt begéint ... net nëmmen op Kuba selwer.

  • Neie Kascht fir de World-Summer

    Mat den aktuelle Release vu Fatoumata Diawara, Hazmat Modine, Bombino an Choco Y Sus Complices plus engem Bléck op den Atlantico-Festival

  • Jenseits von Indien

    En dacks mysteriéist Land, musikalesch ënner d'Lupp geholl ...

  • Cap Vert - Brasilien an zeréck

    Nei Produktioune vun den Inselen am Atlantik an de Live-Album vum brasilianeschen Trio Gilberto Gil - Gal Costa-Nando Reis.

  • Smile!

    Lidder aus allen Härelänner mat engem Laachen am Gesiicht ...

  • Sacred Sounds a schamanesch Beats

    Meditativ Gesäng, ronderëm d'Feier danzen a mystesch Kläng kënnen eis an eng aner Welt zauberen. Dës "World"-Editioun versetzt Iech an Trance.

  • Tram des Balkans

    Balkanbeats a Klezmerrhythmus: déi franzéisch Formatioun 'Tram des Balkans' ass den 8. Juni am Ettelbrécker CAPE.

  • Goran Bregovic

    Eng Stonn, déi dem bosnesche Kënschtler a Museker dediéiert ass.

  • Orlando Julius & the Heliocentrics live

    Den Optrëtt vum nigerianesche Saxophonist bei der BBC den 28. Oktober 2017

  • Op katalanesch!

    Eng musikalesch Rees an der katalanescher Sprooch - déi net nëmmen an der Géigend ronderëm Barcelona a Gebrauch ass ...

  • Francesco De Gregori live

    Den italiensche Cantautore/Songwriter live opgeholl am Oktober d'lescht Joer zu München.

  • Keng Kannerlidder, mee Lidder iwwer Kanner

    Vill Kënschtler hunn déi Kleng an hire Repertoire opgeholl.

  • Klanglandschaften

    E Bësch an Estland, eng al Zistern an Italien, bulgareschen a capella, finneschen Tango: Inspiratioun fanne Museker/innen iwwerall ...

  • Eng Rees an den Orient

    Eng musikalesch Stonn mat dem Sound aus dem Orient - dee kënnt mol vu méi wäit hier, mol vu méi no bäi.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen