Café Scientifique

Kerstin Thalau

Doktoranden a Fuerscher stellen hir Aarbechte vir.

De Stefan Krebs an de Konschtkapp

Am "Luxembourg Center for Contemporary and Digital History", kuerz C2DH, gëtt den Ament an engem wëssenschaftleche Workshop de Sujet "Stereophonie" analyséiert. Och wa Stereo souzesoen op d'Musekskultur vum 20. Joerhonnert reimt, ass d'Geschichtsschreiwung doriwwer quasi inexistent. Den Technologiehistoriker Stefan Krebs huet wëlles, dat ze änneren. Well hie sech nämlech och fir soziologesch a philosophesch Aspekter vun der Technik interesséiert. Explikatioune vum Kerstin Thalau.  

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen