Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

De Manuel Ribeiro am Gespréich mat der Anoushka Shankar

"Den 2. Concerto fir Sitar ass mäi Favorit"

E Concerto fir Sitar mat Orchester ass éischter sielen ze héieren. De Ravi Shankar huet der véier komponéiert an deen zweeten dervun ass den Owend (3.2.2017) mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ze héieren. Solistin op der Sitar ass d'Anoushka Shankar, Duechter vum Ravi Shankar. De Manuel Ribeiro war gëschter an d'Prouf lauschteren an huet sech mat der Anoushka Shankar ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen