Demokratie a Populismus

Populismus gräift, grad esou wéi Demokratie, op d'Vollek zréck. An trotzdem erschéngt de Populismus a ville Kritike quasi als Géigendeel vun der Demokratie. Et misst een also mengen, dat et verschidden Aart a Weise ginn, dem Vollek eng Stëmm ze ginn: demokratescher, ondemokratescher, an esouguer anti-demokratescher. Mee wat mécht de Populismus haut esou attraktiv bei de Wieler? An dat, trotz den offensichtleche Léien an trotz dem Onsënn, op deen e sech stäipt. Den Thierry Simonelli beliicht de Phenomen a senger Komplexitéit.

Vun der Representatiounskris zum Populismus

D'Kris vun der politescher Representatioun charakteriséiert sech duerch zwee allgemeng Phänomener: de Réckzuch vun de Bierger aus der Politik, an de Réckzuch vun de Parteien aus der Verbindung mat der Wielerschaft. Heibäi verwandele sech politesch Parteien a Kartellparteien, déi d'Staatsmuecht geréieren. Dat weess de Populismus zu sengem Virdeel auszenotzen. Den Thierry Simonelli erkläert.

Rezent Emissiounen

  • Populismus, Politik a Gefiller

    De Populist versprécht, wat scho laang am Geschwätz vun der Politik ënnergoung.

  • Stëmme vun der anerer Säit

    Fir ze verstoen, firwat Leit sech zum Populismus higezu fillen, muss ee kënnen un dëser Perspektiv deelhuelen.

  • Den diskrete Charme vum Populismus

    Den Interessi u populistesche Gedanken ass net nëmmen erschreckend grouss, mä e verdeelt sech an enger Aart a Weis, déi ee sech net esou kloer geduecht hätt. 

  • Populismus, Rietsextremismus a Faschismus

    Si Populismus, Faschismus a Rietsextremismus dat nämmlecht? 

  • Populismus un der Muecht

    Gëtt et esou eppes wéi Populismus un der Muecht? Doriwwer streide sech Experten nach haut.

  • Populismus als politesche Prozess

    Populismus trëtt seelen als Partei an dacks als politesch Bewegung op.

  • D'Vollek vum Populismus

    De Populismus appelléiert un en imaginäert Vollek, dat sech haaptsächlech duerch Identitéit an Ausschloss definéiert.

  • Vun der Representatiounskris zum Populismus

    D'Kris charakteriséiert sech duerch zwee allgemeng Phänomener: de Réckzuch vun de Bierger aus der Politik, an dee vun de Parteien aus der Verbindung mat der Wielerschaft.

  • Den Nierbuedem vum Populismus

    Zwee méi spezifesch Phänomener an dësem Kontext sinn d'Verännerunge vum Parteiesystem, an domatt verbonnen, d'Enn vun enger gewësser Zort vun Demokratie.

  • Anti-demokratesch Tendenzen an der Demokratie

    Demokratie ass eng komplizéiert Affaire. Esou komplizéiert, datt hire Géigendeel, d’Oligarchie, direkt an hirem Fonctionnement matugeluecht ass.

  • Populiste sinn ëmmer déi aner

    Populismus ass net esou einfach ze definéieren. Et ass sécher eng Zort vun Demagogie, eng Technik fir Wielerstëmmen anzefänken. Et ass och ëmmer e kritesche Begrëff.

  • Demokratie an Demagogie

    Demagogie ass net vun der Demokratie ze trennen. Wieler a Mënschemasse sinn duerch geschéckt Riedner a Manipulatiounstechnike beaflossbar.

Programm

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen