Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

D'Pianistin Béatrice Berrut ©Aline Fournier/La Fouinographe

Béatrice Berrut: Album Metanoia

Déi jonk Schwäizer Pianistin Béatrice Berrut huet schonn e puer Opnamen erausbruecht a gëtt mëttlerweil op ville Plazen an Europa fir hir Prestatiounen héich gelueft. Si ass och Gewënnerin vum "Eurovision Young Musicians Competitions" 2002, Prix de la Société des Arts de Genève 2006. 2011: Révélation vun der Associatioun vu de Musekskritiker vun Argentinien ...

De Manuel Ribeiro huet sech mat der Béatrice Berrut iwwert déi lescht CD "Metanoia" ënnerhalen.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen