Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

A Love Supreme - John Coltrane

Mat "A Love Supreme" schaaft den John Coltrane e Manifest vun der Spiritualitéit an Energie, der spontaner an onbändeger Kraaft vun der Improvisatioun, souwéi der Interaktioun vu véier Mënschen, déi méi vereent, wéi hir Léift zur Musek. Fir hie selwer ass et e Glawensbekenntnis an e Merci u Gott. Fir op d'mannst dräi Generatioune vu Museker gehéieren dës knapp 40 Minutte Musek awer zu deenen intensiivsten an inspiréierentsten, déi bis elo geschaaft goufen. Tëscht meditativen, kontemplativen, extrovertéierten an nostalgeschen Ambiancen hin an hier wiesselnd, weise sech den McCoy Tyner, den Jimmy Garrison, den Elvin Jones an den Tenor-Gigant Coltrane vun hirer beschter Säit. Presentéiert vum Pit Dahm a Pol Belardi.

Rezent Emissiounen

Programm

Net verpassen

  • The English guy is coming!

    Jim Kent.jpg

    "I'm really happy to be back on air in the Grand Duchy, which is where it all started for me and will endeavor to fill the airwaves with humorous and insightful observations on Luxembourg life combined with the best guests and music that you have come to expect from 100,7."

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen