Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Internationale Colloque an der Kulturfabrik 20. an 21. Januar 2017 © OIivier Bouton

Question sur l'avenir du travail de mémoire (1. Deel)

Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht, Kultur a Gedenken - dës Theme stoungen den 20. an 21. Januar 2017 am Fokus vum internationale Colloque "Question sur l'avenir du travail de mémoire" an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, bei deem de radio 100,7 zesumme mat der Uni Lëtzebuerg Partner war.

Dëse Colloque gouf organiséiert am Kader vum 60. Anniversaire vum Musée National de la Résistance a vum 20. Anniversaire vun den Témoins de la 2e Génération an ass ë.a. integréiert an d’Manifestatioune ronderëm d’Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité vum 27. Januar 2017.

Als Zäitzeien huet de Gerd Kleestadt (84 Joer), Iwwerliewenden aus dem Konzentratiounslager Bergen-Belsen, seng eege Memoiren ugeschwat. Zënter 16 Joer besicht hie mat Studenten KZer a schwätzt viru Schüler, fir d'Erënnerungen un dësen Deel vun der Geschicht waakreg ze halen.

                                                                                                                                                 Gerd Kleestadt © Carlo Link

An engem Zesummenschnëtt proposéiert de Carlo Link Extraiten aus de Virträg an aus de verschiddene Ronndëschgespréicher, bei deeen d'Themen zesumme mam Fachpublikum lieweg an deelweis kontrovers diskutéiert goufen.

Dobäi waren och, nieft den auslänneschen Orateuren aus dem däitsch-franséischproochege Gebitt, déi Lëtzebuerger Historiker(in) Renée Wagener, Denis Scuto a Vincent Artuso, souwéi Vertrieder vun den Organisatiounen, déi um Projet vum Colloque matgeschafft haten, Musée National de la Résistance, Témoins de la 2e Génération, Frënn vum Resistenz Musée a MemoShora.

Denis Scuto a Maxime Weber © OIivier Bouton

Weider Invitéë bei de Ronndëschgespréicher waren ë.a.:
Claude Meisch, Jugend- an Erzéiungsminister
Gilbert Pregno, President vun der Commission consultative des droits de l'homme
Claude Marx, fréiere President vum Consistoire Israélite Luxembourg
Michèle Schilt, Directrice-Adjointe vum Centre pour l'éducation à la citoyenneté
Alex Reuter, fréiere Pedagog an Enseignant, Leeder vun der Jugend-Theater-Grupp Namasté
Albert Hansen, President vum neien Comité pour la mémoire de la 2e Guerre Mondiale
Maxime Weber, Student a Blogger an Tom Zago, Geschichtsstudent

D'Gesamt Leedung vum Colloque gouf vum Frank Schroeder, Direkter vum Musée nationale de la Résistance, assuréiert.

Den 2. Deel vum Zesummeschnëtt héiert Dir um 18:30 oder ass an eiser Mediathéik nozelauschteren.

 

Rezent Emissiounen

  • Les Rendez-Vous de l'UNESCO

    "A la découverte du patrimoine juif du Luxembourg", e Virtrag vum vum 3. Dezember 2018 vum François Moyse.

  • ForumZ - Who's afraid of the digital?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Lemminge, Schneeeulen und Eisbären

    Vom Leben in der Arktis im Griff des Klimawandels. Eng Konferenz vum Dr. Benoît Sittler de 6. November 2018 am Natur Musée am Gronn (MNHN).

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le musée à l'époque contemporaine", mat der Suzanne Cotter, Mudam Luxembourg an der Emma Lavigne, Centre Pompidou-Metz

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Vingt ans d'art contemporain à Luxembourg - Défis et limites", mam Curateur a Konschthistoriker Enrico Lunghi.

  • Luxembourg Art Week 2018

    "Le marché de l'art en surchauffe", mat der Georgina Adam, Autorin a Jounalistin bei der Financial Times - The Art Newspaper

  • Den Talk Radio Day am Mudam

    Zum Thema "Den Design als Lien tëschent Handwierk an Industrie" haten um Talk Radio Day am Mudam Kreativer interessant Aussoe gemaach.

  • ForumZ - Lost Memories of World War 1

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C²DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • D'Stolproduktioun zu Lëtzebuerg am Éischte Weltkrich

    Am November 1918, viru genee 100 Joer, ass no véier Joer den éischten industrielle Krich vun der Mënschheetsgeschicht op en Enn gaangen.

  • Dem Buddha seng Ae gesinn alles

    An dräi Etappen duerch den Nepal. Eng Reportage aus dem Joer 1999 - mat Originaltéin an traditionneller Himalaya-Musek - vum Georges Hausemer.

  • Forum Z - Sozial Ongläichheeten zu Lëtzebuerg?

    Eng kritesch an oppen Debatt, organiséiert vum Luxembourg Centre for Contemporary and Digital History (C2DH) a Kooperatioun mam radio 100,7.

  • Quand les hôteliers adoptent l'Art déco

    Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vun der Dr. Antoinette Lorang

  • L'Art déco - expression ornementale du modernisme

    Eng Konferenz am Kader vun der Ausstellung "Art déco au Luxembourg" am MNHA vum Dr. Robert L. Philippart

  • Yin a Yang | Feier a Waasser | Arthur Unger

    De Feier- a Waassermoler, erkläert ënnert anerem wéi hien d'Dualitéit duerch seng artistesch Entwécklung och fir seng Liewensweis entdeckt huet.

  • Archives et droits d'auteurs

    Ee Resumé vum aachten Archivdag den 1. Juni 2018 vun de Lëtzebuerger Archivisten (VLA) am Stater Kolléisch

Programm

Dossieren

  • Leipziger Buchmesse 2019

    D'Valerija Berdi an de Michel Delage waren dëst Joer fir de radio 100,7 op der Leipziger Buchmesse. All hier Artikelen a Bäitrag zum Thema fannt Dir hei.

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche pour ses rédactions un(e) journaliste

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen