Konferenzen

Enregistrementer vu Konferenzen zu aktuellen Themen.

Alex Reuter a Claude Meisch © OIivier Bouton

Question sur l'avenir du travail de mémoire (2. Deel)

Erënnerungskultur a politesch Bildung, Gedenken un den Holocaust, Jugend an Erënnerungsaarbecht, Kultur a Gedenken - dës Theme stoungen den 20. an 21. Januar 2017 am Fokus vum internationale Colloque "Question sur l'avenir du travail de mémoire" an der Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht, bei deem de radio 100,7 zesumme mat der Uni Lëtzebuerg Partner war.

Dëse Colloque gouf organiséiert am Kader vum 60. Anniversaire vum Musée National de la Résistance a vum 20. Anniversaire vun den Témoins de la 2e Génération an ass ë.a. integréiert an d’Manifestatioune ronderëm d’Journée de la mémoire de l’Holocauste et de la prévention des crimes contre l’humanité vum 27. Januar 2017.

De Gerd Kleestadt (84 Joer), Iwwerliewenden aus dem Konzentratiounslager Bergen-Belsen, kommentéiert de Colloque aus senger Siicht.
D'Emissioun schléisst mat de Konklusiounen vum Laurent Moyse, Auteur a fräie Journalist.

Verschafft a presentéiert vum Carlo Link.

Den 1. Deel fannt Dir an eiser Mediathéik.

Laurent Moyse © Carlo Link

Rezent Emissiounen

Programm

  • Ënnerwee

  • On air

    Panorama

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Time Out

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen