Ouerespëtzer

Philippe Hansen

D'Kanneremissioun mam Philippe Hansen.

Ouerespëtzer

De CLAE huet déi 34. Editioun vum Festival Des Migrations organiséiert. "D'Welt ass Lëtzebuerg a Lëtzebuerg ass d'Welt", mengt d'Christelle Peyroux vum CLAE am Gespréich mam Philippe Hansen iwwert d'Detailer an d'Kannerprogrammatioun am Kader vun deem groussen internationale Festival an der Luxexpo. Den Agenda steet prett an d’Initiativ Freed um Liesen stellt d’Buch "Gips oder wie ich an einem einzigen Tag die Welt reparierte" vun der hollännescher Schrëftstellerin Anne Woltz vir. Alles geschitt an engem Dag, an déi 175 Säite liesen sech och ewéi Zitz. D’Felicia, op eegene Wonsch hin Fitz genannt, muss op deem katastrophalen Dag esou muench Problemer a sengem jonke Liewen, a niewebäi och nach e puer anere Leit hier, léisen. Wéi hatt dat zesumme mat deenen zwou aneren Haaptfigure mécht, ass mat vill Witz, Fantasie a Spannung beschriwwen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen