Musikalesch Visittekaart

Portraite vun Invitéë mat Hellëf vun der Musek, déi si lauschteren.

Serge Tonnar

Iwwer e Mangel un Iddien a Beschäftegung brauch de Serge Tonnar sech nu wierklech net ze bekloen. Allermeeschtens ass Musek mat am Spill, esou och haut an der Emissioun an där hien d’Playlëscht zesumme gestalt huet. Et sinn éischter roueg Lidder aus dem Beräich Singer/Songwriter, déi hien erausgesicht a matbruecht huet, e puer Lëtzebuerger Produktiounen inklusiv. Där méi rezenter, där méi aler.

De Fred Medernach schwätzt de Serge Tonnar och op säi neie Projet un: Bommeleeër Buddha’ heescht den neien Album, op deem de Kënschtler seng neisten Iddien ëmsetzt. D’Première ass e Samschdeg den 1. Abrëll an der Escher Kulturfabrik. Bal 20 Museker wäerten dobäi op der Bühn stoen.

Hei d’Lidder, déi an dëser musekalescher Visittekaart lafen:

  1. Girl - The Beatles
  2. Amsterdam - Jacques Brel
  3. Machengoidi - Ali Farka Touré
  4. No Future - Udo Lindenberg
  5. Cowgirl In The Sand - Neil Young
  6. Kind - Nils Frahm
  7. Two Seconds - Nazz Nazz
  8. Bommeleeër - Bandana
  9. Falling Pearls/Night Of Tears - David Ianni
  10. E Bild vun engem Mann - Gollo
  11. Azincourt - Francis Cabrel (dëst Lidd leeft just an der Rediffusioun em 18.30 Auer)

Rezent Emissiounen

  • De Rosch Mirkes

    Dem pensionéierte Museksenseignant an Acteur an der Lëtzebuerger Musekszeen säi musikalesche Goût ass ganz villfälteg.

  • De Pol Belardi

    Dem Jazziste Pol Belardi säi musikalesche Goût hält net beim Jazz op.

  • D'Geiistin Sandrine Cantoreggi

    Vill Klassik an e bëssen Jazz

  • Den David Ianni

    De Pianist a Komponist presentéiert säi perséinleche musikalesche Choix.

  • De Paul Thiltges

    Et muss een net onbedéngt virun der Kamera stoen, fir an der Filmzeen aktiv an erfollegräich ze sinn: eisen Invité ass e Beispill heifir.

  • De Kid Colling

    De Lëtzebuerger Blues- an Jazzgittarist iwwerhëlt d'musikalesch Programmatioun vun dëser Stonn - déi éischter gemittlech ausfält.

  • Den Damien Sagrillo

    De Musekswëssenschaftler presentéiert säi musikalesche Choix.

  • D'Sopranistin Mariette Lentz

    Klassik, Jazz a Rock: de musekalesche Goût vun der Mariette Lentz 

  • De Guy Frisch

    De Perkussionist an Direkter vu Lucilin presentéiert säi musikalesche Choix.

  • Fernand Weides

    De Journalist a fréieren Direkter vum radio 100,7 (Juli 1994-August 2013), huet de musikalesche Programm fir dës Stonn zesummegestallt.

  • De Jeff Mack

    De Countertenor, Trompettist an Dirigent presentéiert Musek, déi Statiounen a sengem Liewe markéiert huet.

  • D'Lydia Rilling

    D'Dramaturgin an der Philharmonie a Responsabel fir de Festival Rainy Days presentéiert hire musikalesch Choix.

  • De Marc Jacoby

    Den Direkter vum Conservatoire du Nord presentéiert seng musikalesch Favoritten.

  • D'Cathy Krier

    Der Pianistin hir musikalesch Virléiften gëllen der Klassik.

  • Monique Melsen

    Scho mat 20 Joer stoung déi gebierteg Ettelbréckerin beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Dublin op der Bühn.

Programm

Net verpassen

  • Dëse Sonndeg um 11:00 LIVE aus der Congresshalle zu Saarbrécken

    DRP

    Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen