Humanities Talk

Danièle Wecker

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

Eng Kéier am Mount trëfft d'Danièle Wecker um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

D'Catherine Gaeng an de Jeannot Metzler, Fachleit vum Centre national de recherche archéologique

Den Tëtelbierg - eng zentral Plaz vum trevireschen Territoire

Den Tëtelbierg wor virun zwee Joerdausenden net einfach eng vu verschiddene groussen trevireschen Usiidlungen, mee e politeschen Zentrum vum trevireschen Territoire - dat weisen d'Resultater von den archeologeschen Aarbechten aus de leschte Joerzéngten. D'Renée Wagener schwätzt mat der Catherine Gaeng an dem Jeannot Metzler iwwert d'Resultater vun de Fuerschungen, déi de "Centre national de recherche archéologique" rezent am Buch "L'espace public du Titelberg" erausginn huet.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen