Klassik aktuell

De Bléck op d'Aktualitéit an der klassescher Musek zu Lëtzebuerg, an der Groussregioun an och international.

Kompositiounen a kierperlech Konstitutiounen

Bei Komponiste gëtt heefeg iwwert den Afloss vu biographeschen Episoden op hir Wierker spekuléiert. Ass deen Adagio esou düster ausgefall, well dem Komponist seng Fra kuerz virdru gestuerwen ass? Ass d’Finale vun der Sinfonie esou feierlech, well d’Heemechtsland grad e Krich gewonnen huet? Während iwwert déi psychesch Zoustänn vun engem Komponist dacks nëmme spekuléiert ka ginn, kënne bei der physescher Konstitutioun méi konkret Spuren an de Wierker fonnt ginn. De Luc Boentges gëtt en Abléck a seng nei Musekserie: "Kompositiounen a kierperlech Konstitutiounen".

Rezent Emissiounen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • Weltdag vun de Kannerrechter

    Den 20. November ass de Weltdag vun de Kannerrechter. De radio 100,7 presentéiert an deem Kader verschidde Reportagen an Interviews, fir iwwer d'Rechter vun de Kanner opmierksam ze maachen.

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen