Dossier vum Dag

Vu méindes bis freides en aktuelle Sujet am Detail: Politik, Soziales, Wirtschaft, Gesellschaft, Kultur

Plastik an de Weltmierer

Plastik ass iwwerall present: Vu Verpackungen, iwwer Textilien, bis zu Pneuen oder Kosmetika. Wëssenschaftler ginn dovunner aus, datt all Joer tëscht ronn 5 bis 14 Milliounen Tonne Plastikoffall an d’Weltmierer geroden. Déi positiv Eegenschaft vum Plastik – nämlech datt en immens laang hält – ass aus ekologescher Siicht een Nodeel: Plastik brauch Honnerte Jore fir sech nees biologesch ofzebauen. Dat ass ee Risiko net just fir den Ecosystem, mee och fir de Mënsch. Méiglech Äntwerten: De Plastik nees aus de Mierer eraus fëschen an dofir suergen, datt manner Plastik an d’Mierer geréit. Ëmwelt-Organisatiounen a Mieresbiologen halen déi zweet Optioun fir prioritär. D’Armanda Scheuer huet Detailer am Dossier vum Dag.

Rezent Emissiounen

Dossieren

  • 76. Filmfestival zu Venedeg

    Zu Venedeg ass déi 76. Editioun vum Filmfestival. Den Tom Dockal ass fir de radio 100,7 op der Plaz. All Dag pickt hie sech ee Film eraus, fir deen da méi genee ënner d'Lupp ze huelen.

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen