Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

Mtv Unplugged - Alice In Chains (1996)

Alice In Chains - eng vun deene markantste Rockformatiounen aus der Grunge Mekka Seattle hat 1996 dee leschte groussen Optrëtt am Kader vun den Mtv Unplugged Sessions. Eng akustesch Performance, déi duerch wonnerbar Instrumentatiounen a vill Heroïn markéiert war. Op der offizieller Tracklist stounge praktesch nëmme best of Titelen, eng efficace Formule, déi rhythmesch ambivalent an zemools op dësem akustesche Set perfekt equilibréiert war. Niewent Nirvana, Pearl Jam a Soundgarden war Alice In Chains mat iwwer 36 Millioune verkaaften Albumen eng vun de véier grousse Rock Legenden aus der 90ies Ära.

Presentéiert vum Philippe Hansen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen