Hannergrënn iwwer déi lokal, national an international Aktualitéit. Um 6:20, 7:20, 8:23, 09:20 Auer.
Aktuelles

Iwwer d'Sécherheetskultur bei den europäeschen Airlines
Eng rezent Étude vun der "London School of Economics and Politics", an Zesummenaarbecht mat Eurocontrol, an zum Thema "Sécherheetskultur" huet Schwaachpunkten an der europäescher Aviatioun devoiléiert, an et gëtt eng Partie ganz beonrouegend Resultater. D'Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne (A.L.P.L.) huet sech an deem Kontext zu Wuert gemellt.
Rezent Emissiounen
-
Suite Impeachment-Prozedur géint Donald Trump
Et geet weider mat den ëffentlechen Temoignagen: Haut Freideg ass et un der Rei vum fréieren amerikaneschen Ambassadeur an der Ukrain fir ëffentlech ze temoignéieren.
-
Du bass wichteg!
Den Titel vun der Konferenz fir Kanner ChiCo e Samschdeg vun 9:30 bis 16.30 Auer am Forum Geesseknäppchen
-
Fir Film-Enthusiasten
Fir déi zéngten Editioun vum Luxembourg City Film Festival gi Benevoller a Membere fir de Jury Jeune gesicht.
-
Tiers payant vun der neier Generatioun
De generaliséierten Tiers Payant gëtt 2023 Realitéit. Patiente musse keng Sue méi virstrecken, wa si an eng Consultatioun bei den Dokter ginn.
-
De Lux Film Prize 2019
Dräi Filmer gi vu muer queesch uechter Europa gewise fir da mam Lux Film Price geéiert ze ginn. Och de Publikum ka mat wielen.
-
Fir d'Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch
De Jérôme Lulling gouf vun der Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch a.s.b.l. mat der Sëlwerplack Dicks-Rodange-Lentz ausgezeechent.
-
Ëffentlech Temoignagen an der Trump Impeachment-Prozedur
Dës Woch wäerten dräi Offizieller hir Andréck ginn zum President senger Politik vis-a-vis vun der Ukrain.
-
Frigo Anti-Gaspillage
Ee Frigo, deen dozou bäidroe soll, d'Verschwendung vu Liewensmëttel zu Lëtzebuerg ze reduzéieren, steet zanter zwee Méint an der Gemeng Helperknapp.
-
Wéi e Stéck glëtscheg fiicht Seef
The Passion of Andrea 2 Theater, Danz a Gesang. Dat neit Danzstéck vun der lëtzebuergescher Choreografin an Dänzerin Simone Mousset.
-
D'Infrastruktur muss weider verbessert ginn
Leschte Samschdeg huet d'Lëtzebuerger Fraen-Nationalequipe am Fussball 0:5 géint de Kosovo verluer. Mir hunn nogefrot, wat besser ka gemaach ginn.
-
E méi groussen Gestaltungs-Spillraum fir Kanner a Jugendlecher
Andeems d'Fondatioun Sommer kulturell Projeten ënnerstëtzt, wëll se Jugendlecher stäerken an hinnen d'Méiglechkeet ginn hir Autonomie ze fërderen.
-
D'Inegalitéiten am Fokus
D'Manéier wéi d'Wëssenschaft Ongläichheete versteet, géif ëmmer méi u Komplexitéit gewannen. Doriwwer sinn d'Experten, déi de Statec invitéiert hat, sech eens.
-
Vilfalt vun der Biodiversitéit an eis Ekosystemer erhalen
Kréie mir d'Rudder nach erëmgerappt? Eng interessant Konferenz op Invitatioun vum Mouvement écologique
-
Kanner a Jugendlechen a schwierege Situatiounen hëllefen
Lescht Woch gouf d'Fondatioun Solina virgestallt, déi aus dräi Asblen eraus entstanen ass.
-
Impeachment-Prozedur: d'Wäisst Haus bleift stur
Dës Woch kënnt et zu Washington zu den éischten ëffentlechen Temoignagen an der Impeachment-Prozedur géint den US-President Donald Trump.
Net verpassen
-
Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven
De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.
Dossieren
-
Google-Datenzenter
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
-
Mäin Europa
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Iwwert eis
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen