Déjà Vu

Mat en etleche Joer Ofstand gi Kult-Albummen aus der Geschicht vu Rock, Pop an Jazz nach emol ënnert d'Lupp geholl. Fir erëmzehéieren mat neien Oueren oder als Entdeckung fir déi, déi se deemools verpasst haten.

The Blues and the Abstract Truth - Oliver Nelson

Den Oliver Nelson kënnt dacks net zu där Reputatioun, déi e verdéngt hätt. Nieft Coltrane, Shorter a Konsorten ass et natierlech och net einfach duerchzedréngen. Dobäi ass The Blues and the Abstract Truth awer definitiv en Incontournabel an der Jazz-Geschicht. Eng absolut gelonge Mëschung vu Museker presentéiert siwe Stécker, déi alles hunn, wat et brauch: clever Arrangementer, Solisten, déi all hir eege Stëmm hunn, eng gewëssen Déifgrënnegkeet, verschidde Stëmmungen an déi richteg Dosis Blues (souwuel vum Language hier, wéi an der Form). Ob wéinst dem Bill Evans, deen anescht wéi gewinnt spillt an dowéinst perfekt erapasst, dem Eric Dolphy, deen iwwer d'Stécker ewech flitt, dem Roy Haynes an dem Paul Chambers, déi d'Grupp perfekt ankeren, dem feierege Freddie Hubbard oder dem Baritonist George Barrow: all Stéck zielt seng Story, an et gëtt keng Sekonn langweileg. Presentéiert vum Pol Belardi a Pit Dahm.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

    • Parteien hunn d'Wuert - Piraten / LSAP

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen