Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Heartworms - The Shins (2017)

No fënnef Joer Abstinenz ass de Singer/Songwriter James Mercer zréck mat senge Shins. Hire leschte Longplayer, deen ugangs Mäerz op den internationale Marché koum, huet de Mercer "Heartworms" gedeeft. Eelef Titelen iwwert d'Thema vun der Onschold, déi een zréck an dat éischt Joerzéngt vun dësem Joerdausend versetzen." Heartworms" dierft bei ville Leit en Nerv treffen, deen een eigentlech scho laang vergiess huet. Den Opus fokusséiert, niewent der Onschold, och d'Vulnerabilitéit, déi e bëssen a jidderengem vun eis stécht. "Heartworms" kuckt zréck a charakteriséiert Momenter aus der Vergaangenheet, invoquéiert eng Zort Nostalgie aus der pre-2010 Ära, d'Zäit vun der Renaissance vum alternativen Indie Pop. Presentéiert vum Philippe Hansen.

Rezent Emissiounen

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Noriichten

  • Ënnerwee

  • Panorama

Dossieren

  • #chamberleak

    Um Internetsite vun der Chamber waren eng ganz Partie intern a sensibel Dokumenter net adequat geséchert. Duerch d'Editéiere vu Weblinken konnten déi vertraulech Informatioune mat engem normale Webbrowser ofgeruff ginn.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen