Metal Meltdown

David Wagner

Eisen Hausmetaller David Wagner presentéiert Neiegkeeten aus der lokaler Metalzeen, Interviewe mat nationalen an internationale Museker, Album-Kritiken a Reviewe vu Concerten. Déi haartsten Emissioun um radio 100,7, Helm a Gurt si Pflicht!

Metalfestival Koplescht & Cut Up

Metalfestival Koplescht

Den nächste Weekend, fir genee ze sinn, den 1. Abrëll, ass et esouwäit, den Traditiounsmetalfestival an den eenzege Metalfestival zu Lëtzebuerg, ob deem just lokal Bands spillen, geet a seng 10. Ronn: de Metalfestival zu Koplescht, deen all Joers am Fréijoer am Centre Culturel zu Koplescht ass. Iwwert d’Geschicht vum Festival, d’Bands, déi dëst Joer do spillen an de ronne Gebuertsdag schwätzen ech mam Haaptorganisateur vum Festival, Jeff Buchette.

Release vun der Woch: Cut Up - Wherever They May Rot

A mir bleiwe bëssen beim Death Metal, am Review ass nämlech haut den neien Album vu Cut Up. Wherever They May Rot nennt en sech an e koum haut bei Metal Blade eraus. Cut Up si Schweden a bestinn zum Deel aus 2 fréiere Membere vun der bësse méi bekannter Band Vomitory, déi sech 2013 opgeléist hunn.

Op hirem 2. Album  erfannen d’Schweden d’Rad vum Death Metal definitiv net nei, wat awer net onbedéngt negativ ass, je nodeems wat ee fir Erwaardungen huet. Et ass awer vun Ufank u kloer, dass Wherever They May Rot e Lueflidd un d’HM-2 Pedall vu Boss ass, déi déi fréier schwedesch Bands an den 90er berühmt gemaach hunn. D’Gittare liwweren Tremolo-Riffer, déi engem mat de stampfenden a fetten Drums kombinéiert d’Trommelfeller wechblosen a esouguer schonn a Richtung Grind tendéieren. Déi 2 Sänger Erik Rundqvist an Andreas Björnson liwwere esouwuel mid-range an déif Growls, wéi och méi hell Screams, sou dass den Album dann awer de klassesche Death Metal Touch ginn.

Sou geet et déi éischt puer Stécker ouni Paus virun. Interessant gëtt den Album - an do erënnert d’Band mech bëssen un Aborted aus der Belsch - wa se bësse méi lues trëppelen, z. B. am Titeltrack oder am Stéck Vermin Funeral, déi duerch hire mid-tempo Groove Charakter kritt. Aneren Highlight ass de song In the Aftermath, wat bei wäitem déi meeschten Ofwiesslung an Dynamik ze bidden huet. Och wann et Schweden, an Ex-Membere vu Vomitory sinn, esou ass d’Produktioun dach bëssen eng aner, wéi déi, déi ee vun de fréieren 90er Bands gewinnt ass. Cut Up hu sech nämlech fir e méi modernen a méi haarden Death Metal Sound entscheed.

Alles an allem kann ee soen, dass Wherever They May Rot en zollitten Album ass, Innovatioun gëtt et hei awer häerzlech wéineg.

Playlist

Grave Digger - Circle Of Witches (Heart Of Darkness; GUN Records; 1995)

Obscura - Perpetual Infinity (Akróasis; Relapse; 2016)

Desdemonia - Lay Down Your Crown (Existence; Independant; 2010)

Carach Angren - Song For The Dead (Dance And Laugh Amongst The Rotten; Season Of Mist; 2017)

Assorted Nails - Black Rattlesnake (Zoophisticated; Independant; 2016)

Obituary - Ten Thousand Ways To Die (Obituary; Relapse; 2017)

Cut Up - Wherever They May Rot (Wherever They May Rot; Metal Blade; 2017)

Kobra and the Lotus - You Don’t Know (Prevail I; Napalm; 2017)

Gojira - Pray (Magma; Roadrunner; 2016)

Abstract Rapture - From Dust To Nowhere (Democadencia; Independant; 2008)

Rezent Emissiounen

  • Suicidal Angels

    Am Interview dës Woch: De Frontmann vun de Suicidal Angels, Nick Melissourgos.

  • Entombed A.D.

    Dës Kéier am Interview ass de charismatesche Frontmann vun Entombed AD, d'Death Metal Legend LG Petrov.

  • Opeth - Martin Méndez

    Am Interview ass de Bassist vun Opeth, de Martin Méndez. Och hei geet et natierlech virun allem ëm den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Opeth - Mikael Åkerfeldt

    Am Interview ass de Mastermind vun Opeth, de Mikael Åkerfeldt. Et geet virun allem rieds iwwer den neien Album "In Cauda Venenum".

  • Thousand Lakes

    Am Mëttelpunkt steet deen neien Album vu Thousand Lakes. Am Interview sinn dofir de Gittarist Jerome an de Sänger Rony.

  • De Mound am Metal

    Am Metal gëtt et vill Bands, déi sech vum Mound inspiréiere gelooss hunn, Stécker iwwer de Mound oder an deenen de Mound op d'mannst virkënnt, geschriwwen hunn.

  • Rotten Stones 2019

    Haut am Interview sinn d'Organisateure vum Rotten Stones Festival.

  • Firespawn

    Am Interview ass de Matgrënner a Bassist vu Firespawn, den Alex Impaler; rieds geet iwwer den neien Album "Abominate".

  • Metal Meltdown

  • Feradur

    Am Interview ass dës Kéier d'Band Feradur, déi den 22. Juni 2019 hiren neien Album "Legion" erausbréngen.

  • Per Wiberg

    Am Interview ass dës Woch de fréiere Keyboarder vun Opeth a Multiinstrumentalist Per Wiberg, deen am Mee säi solo-Debut erausbruecht huet.

  • Amon Amarth

    Am Interview d'Vikinger vun Amon Amarth, déi am Mee hiren neien Album "Berserker" erausbruecht hunn.

  • Kraton

  • Tëschegas

    Am Interview dës Kéier d'Minett Metaller vun Tëschegas, déi hiren neien Album "Stad, Land, Goss" virstellen.

  • Possessed

    Am Interview ass d'Death Metal Legend Jeff Becerra vu Possessed.

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen