Album vun der Woch

Méindes moies presentéiert ee Journalist aus der Museksredaktioun den Album vun der Woch. D'Lidder vum Disk zéie sech wéi ee roude Fuedem duerch de Programm.

Room 29 - Jarvis Cocker & Chilly Gonzales

De Chilly Gonzales ass ee vun deene onrouegsten an äerdegste Museker. Wann hien net grad nees en Album vum Feist produzéiert, hëlt hie selwer Musek op. A wann hien dofir eng Figure Phare vum Pop aus enger kreativer Paus eraushëlt, dann ass et esou. Dës Figur ass fir den Album "Room 29" den Jarvis Cocker. Zesumme ginn déi zwee op eng Rees an d'Häerz vum Hotel Château Marmont an den USA. Den Tom Dockal presentéiert "Room 29" als neien Album vun der Woch.

Rezent Emissiounen

  • Leonard Cohen - Thanks for the Dance

    "Give me a Leonard Cohen afterlife" housch et bei engem Nirvana Song. Mam neien Disque mécht de Cohen awer genee dat: sech aus dem Noliewe mellen.

  • FKA Twigs - Magdalene

    E Post-Breakup-Album, deen de perfekte Begleeder fir d'Wanterdepressioun ka sinn.

  • Arthur Russell - Iowa Dream

    Un der onfiltréierter Source vun der Kreativitéit

  • King Princess - Cheap Queen

    Hanner deem ambiguen Numm King Princess verstoppt sech déi 20-järeg Mikaela Straus aus Brooklyn, New York, a si huet et fauschtdéck hanner den Oueren.

  • Yvon im Kreis der Liebe

    Dräi Museker aus Nordrhein-Westfalen zéien den italienesche Indianersummer mat sech.

  • Richard Dawson - 2020

    Absurditéit, Verzweiwlung an den Alldag hu reegelméisseg matenee Rendez-vous um Richard Dawson senger neier Plack.

  • Big Thief - Two Hands

    Déi smartsten Americana Band mam zweeten Album fir dëst Joer: Den Äerd-Zwilling - e steet mat zwee Féiss um texanesche Wüstebuedem.

  • Luke Temple - Both-And

    Meditativ awer catchy Konstrukter vun engem experimentéierte Museker

  • Dyson Stringer Cloher - s/t

    Feministesche Rock vun Down Under, deen duerch den Americana-Wollef gezu gouf.

  • Devendra Banhart - Ma

    Op sénger 10. Solopack "Ma" beschäftegt sëch den Devandra Banhart mat sénge südamerikanesche Wuerzelen an de batterséissen Erkenntnisser vun der Liewensmëtt.

  • One True Pairing - One True Pairing

    E Soundtrack fir schwiereg Zäiten.

  • Rocko Schamoni - Musik für Jugendliche

    "Musik für Jugendliche" - net d'Konzept vu Bravo Hits, mee den Titel vun engem 53-Joer alen Entertainer.

  • Adam Green - Engine of Paradise

    Déi bizar Welt vun de mënschleche Paradiesmaschinnen erfuerscht den Adam Green an engem weideren, a besonnesch gelongenen Album.

  • Whitney - Forever Turned Around

    Déi zwee Kolleegen aus der "wandeger Stad" liwwere Balsam fir d'Séil.

  • Joan Shelley - Like The River Loves The Sea

    Am Atlantik tëschent zwou Folk-Traditiounen

Net verpassen

  • Suicidegefor am Alter: En Tabuthema

    Suicidegefor am Alter

    Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen