Black & White Blues

Jim Devans Fred Medernach

Déi ganz Welt vum Blues: neien Albummen,  Vintage-Opnamen, ausféierleche Live,  Portraite vu Bluesgréissten, Découverten, Concerten... an de Blues zu Lëtzebuerg kënnt net ze kuerz! Mam Jim Devans a Fred Medernach.

Den 31.3. am Atelier: d'Blues Pills ... déi mat hirem Band-Logo weisen a wéi eng Richtung hire Sound geet! (Foro: bluespills.com)

Akustesches an Elektresches

Et ass Kontrast an dëser Stonn vertrueden: gräift den Amerikaner Eric Bibb just op e Bassist als Begleeder fir säin akustesche Set zréck, esou dréien d'Blues Pills de Verstäerker zolidd op: déi jonk international Formatioun - d'Museker hu sech iwwer Internet kennegeléiert! - konnte schonn um Déifferdenger Blues Express iwwerzeegen, elo si si den 31. Mäerz op en Neits hei am Land (Atelier, Hollerech) mat hirem Mix aus Blues a Rock aus de sechzeger a siwwenzeger Joren.

Hei d'Playlëscht vun der Stonn duerch déi de Fred Medernach féiert:

  1. Blues Pills - Ain't No Change
  2. Blues Pills - Dig In
  3. Blues - No Hope Left For Me
  4. Junior Mack - Crossroads (live)
  5. Kid Colling Cartel - Ain't No Such Thing
  6. Winklepickers - High 'n' Lonesome
  7. Little Blues Band - Going To New York
  8. Eric Bibb: Live at the Basement
  9. Kid Colling Cartel - In The Devil's Court

Rezent Emissiounen

  • The Rolling Stones - Blue & Lonesome

    2016 koum de Rolling Stones hiren 23. Album eraus, eng CD, déi komplett am Blues gehale gouf. 12 Cover-Songs, déi alleguerten am Stil an am Rhythmus stëmmen.

  • Live Blues

    Mat Extraiten aus de Concerte vum Reidar Larsen & the Blues Bastards (Norwegen), Juke (USA) an John Mayall (GB)

  • Chris Youlden

    Den englesche Bluesmann huet virun allem Enn der 60er Jore mat der Savoy Brown Blues Band Akzenter gesat.

  • Beth, Jimmy & Eises

    Extraiten aus den neie Live-Albumen vu Beth Hart an Jimmy Cornett an eng déck Portioun Lëtzebuerger Blues

  • Mick Fleetwood: Blue Again!

    De Mick Fleetwood huet a senger Bluesband e prominente Gittarist derbäi: de Rick Vito. Déi richteg Leit fir en Duebelalbum voller Klassiker.

  • Jimi songs

    Cover-Versiounen, déi och alt emol d'Héiergewunnechten änneren, déi ee sech beim Hendrix-Repertoire zougeluecht huet ...

  • Robben Ford live

    Live-Opname vum amerikanesche Gittarist, queesch uechter seng Karriär

  • Graham Bond

    E Portrait vum 1974 verstuerwenen englesche Sänger, Saxophonist a Keyboarder, deen d'Hammonduergel mat an de Blues bruecht huet.

  • The Winklepickers: exklusiv, live & ofgespeckt

    Den Duo Roger Melcher (Gesang, Harp) a Roland Meyer (Gittaren), live opgeholl am Studio 8 vum radio 100,7.

  • Jack Bruce - The 50th Birthday Concerts

    Am November 1993 huet de Bassist Jack Bruce zwee wonnerbar Concerten zu Köln am E-Werk gespillt, an zwar fir säi 50. Geburtsdag ze feieren.

  • Rough Blues vun hanner der Grenz

    Als Gäscht derbäi: déi saarlännesch Formatioun Stompin Heat mat hirem Live-Album, dee si genreméisseg als Rough Blues presentéieren.

  • John Mayall: "Three for the Road"

    Dee 66. Album vum britesche Blues-Pionéier

  • Blues Is Life!

    "Chilling" ass deen neien Album vum Archie Lee Hooker (Label: Dixiefrog). Hien an den Drummer/Produzent Yves Ditsch si Gäscht am Studio.

  • Muddy Waters ... Live at Rockpalast

    Och nach haut, 35 Joer no sengem Doud, kommen ëmmer nach CDe vum Bluesmuseker Muddy Waters eraus. Sou och 2018.

  • Remo Cavallini live@Rockhal

    Den Déifferdenger Bluesmann mat Band a Frënn, opgeholl de 14.10.2017 am Club vun der Rockhal fir de Release vu "The Last Blues From 29".

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    Offre d'emploi: 1 journaliste (m/f)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, un(e) journaliste sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à plein temps.

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen