Humanities Talk

D'Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat "sciences humaines" oder "Geisteswissenschaften", si vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnesser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d'Sprooch, d'Geschicht vum Fussball, d'Verännerungen, déi d'Télé an eisen Alldag bruecht huet, d'gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.

"Humanities Talk" ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mä Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnamegeräter. A matzen dra sëtze Leit, déi mat detektiveschem Äifer déi Spuren analyséieren, déi d'Mënschheet hannerléisst.

All véierzéng Deeg trëfft d'Sozialwëssenschaftlerin Renée Wagener um radio 100,7 Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d'Gespréich iwwert hir aktuell Projeten.

Thomas Kolnberger

Eng schwiereg Geschicht: Anäscherung zu Lëtzebuerg

Obwuel et an der Bibel keng Virschrëften dozou gëtt, war d'Anäscherung als Alternativ zur klassescher Bäisetzung zënter dem 19. Joerhonnert e Politikum: Während déi kathoulesch Kierch vehement dogéint agetratt ass, hu sech virun allem Fräidenker fir d'Anäscherung agesat. D'Renée Wagener schwätzt mam Historiker Thomas Kolnberger iwwert de laange Wee vum Kulturkampf bis zur Normaliséierung vun där Praxis.

Rezent Emissiounen

Programm

Dossieren

  • Gemengewahlen 2017

    Den 8. Oktober kënnen d'Bierger aus de 105 Gemengen am Land hir lokal Vertrieder nei bestëmmen.

  • Däitsch Bundestagswahl 2017

    De 24. September 2017 wielt Däitschland en neit Parlament. D'Angela Merkel (CDU) an de Martin Schulz (SPD) trieden als Kanzlerkandidaten un.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen